
Dat huet d'Vertriederin vum Parquet général um Méindeg den Owend op der Cour d'appel an der Stad fir e fréiere Multiplan-Manager gefrot. Wat ee vun de weidere Punkten ugeet, dass nach 19 Milliounen € ze confisquéiere wären, kéint d'Décisioun vu Januar zejoert um Stater Geriicht dogéint reforméiert ginn.
Am Ganze war et an dëser Affär ëm ronn 25 Milliounen € gaangen, déi de Manager vu 7 Multiplan-Sociétéiten tëscht Januar 2007 a Mäerz 2010 soll ënnerschloen oder verschwent hunn, dat ë.a. zum Schued vun der Gesellschaft „Belval Plaza“. De Mann soll dës Sue vun deenen ofgezwackt hunn, déi hien ë.a. en vue vun der Entwécklung vun de Projete Belval Plaza I, Belval Plaza II a Belval Plaza Tower op de Frichë vun Esch-Belval zur Verfügung gestallt krut. D'Appellurteel gëtt den 11. November gesprach.
