
Dat stellt de Conseil supérieur vun de Gemengefinanze fest, deen en Donneschdeg de Moie Bilan gezunn huet. D’Gemenge wieren aktuell am Besëtz vun 1.461 Sozialwunnengen, déi méi wéi 10 Méint am Joer verlount ginn.
Allgemeng zitt de Conseil supérieur e positive Bilan vun de Gemengefinanzen, d’Joer 2022 wier mat engem Iwwerschoss vun 120 Milliounen Euro am Verglach mam Joer virdru besser ofgeschloss ginn, wéi erwaart.