StatecConsommatiounsverhale vun de Stéit huet sech mat der Pandemie verännert

RTL Lëtzebuerg
Déi héich Energie- a Liewensmëttelpräisser forcéieren d'Stéit hei am Land hir Depensen allgemeng z'iwwerdenken.
© AFP

Dat nodeems sech d’Gewunnechte mat der Covid-19-Pandemie deels scho massiv verännert haten.

Zum Beispill gëtt vill méi dacks Iessen am Restaurant bestallt, fir Heem geliwwert ze kréien. Tëscht 2019 an 2022 huet sech de Montant, deen d’Leit dofir ausginn, méi wéi verduebelt. D’Depensë fir Liewensmëttel sinn an där selwechter Zäit ëm 10 Prozent geklommen. Rechent een d’Inflatioun mat eran, kuckt also déi reell Ausgaben, war et eng Hausse vu ganzer 27 Prozent.

Fir d’Consommatioun a Baren, Caféen a Kantinne ginn d’Leit zwar erëm méi Suen aus, ma dat ass nach ëmmer vill manner wéi 2019 virun der Kris. D’Leit gi 46,6 Prozent manner aus fir Consommatiounen a Baren a Caféen a 36,3 Prozent manner an de Kantinnen.

Och fir Kultur a Sport ginn d’Stéit bei Wäitem nach net esou vill aus, wéi virun der Pandemie. Konkret ass et eng Baisse vu 24 Prozent.

D’selwecht bei Fräizäitaktivitéite wéi Vëlofueren oder mam Camper an d’Vakanz fueren. Hei gouf et e Boom wärend der Pandemie, deen duerno awer nees a sech zesummegefall ass.

Bliwwe sinn iwwerdeems awer d’Depensë fir Hausdéieren, mat engem Plus vu 64 Prozent an de leschten 3 Joer. A wéi et schéngt hunn d’Leit an der Pandemie Bicher a Gesellschaftsspiller erëm entdeckt an déi Gewunnechte bäibehalen.

Donieft hu vill Leit decidéiert, hiert Doheem ze veränneren a méi schéin ze maachen. D’Depensë fir Renovatioune sinn zejoert massiv an d’Luucht gaangen. Dat huet natierlech och zum Deel domat ze dinn, datt d’Präisser fir Handwierker a vill Matières premières an där Zäit geklomme sinn.

Dat alles geet aus Zuelen ervir, déi de Statec e Méindeg publizéiert huet.

Liest hei de Rapport vum Statec

Back to Top
CIM LOGO