
Wann ee krank ass, ass et wichteg, datt een an Auto-Quarantaine geet a bei méi schlëmme gesondheetleche Problemer gëllt natierlech den 112.
D'Statioune vum Large Scale Testing bleiwen op Chrëschtdag an och e Freideg op Stiefesdag zou, genee wéi den 1. Januar. Den zweete Januar, dat ass samschdes, do fonctionéiere se bis Mëttes 15 Auer.
Op deenen 3 Deeg kann ee sech awer teste loossen.
De Gesondheetslaboratoire zu Diddeleng ass tëschent 10 an 14 Auer op. Ier een dohinner geet, muss een awer fir d'éischt e Rendezvous huelen op lns.lu.
Fir weider Informatiounen gëllt natierlech och den Internetsitecovid19.lu
