FéizCora no Dampentwécklung a Feier a Kichen evakuéiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.30 Auer koum et bei engem Restaurant zu enger Dampentwécklung bei engem Akafszenter zu Féiz. An enger Kichen war e Feier ausgebrach.
© Domingos Oliveira / RTL

Éischten Informatiounen no huet waarmen Ueleg, dee wuel vergiess gouf, de Feieralarm ausgeléist. Déi automatesch Läschanlag huet sech aktivéiert, ma och Leit op der Plaz hu probéiert, de Brand mam Feierläscher auszemaachen.

D'Clienten an d'Mataarbechter goufen evakuéiert.

Wéi de CGDIS beim Restaurant ukoum, war d’Feier scho geläscht an d’Pompjeeën hu just nach misse lëften.

Dampentwécklung am Cora zu Féiz
Ce mercredi, en début d'après-midi, le centre commercial Cora de Foetz a été évacué à la suite d'un dégagement de fumée.

Back to Top
CIM LOGO