
Zu där Conclusioun kënnt den Ethikrot. D'Corinne Cahen kënnt deemno mat engem bloen Aen dovun.
Am Rapport vum Ethikrot vum 9. Dezember gëtt präziséiert, datt et keen Interessekonflikt gëtt. Et wier allerdéngs besser gewiescht, wann d'Corinne Cahen dee Bréif net iwwert hier offiziell Mailadress aus dem Ministère fortgeschéckt hätt.
Den Ethikrot recommandéiert dem Premier Xavier Bettel, der Ministesch Cahen un d'Häerz ze leeën, an Zukunft besser opzepassen a sech zeréckzehalen.