Wocheréckbléck vun der SantéCorona-Infektiounen ëm 69,5 % zréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Am Wochebilan vun der Santé an dem LNS gouf eng Baisse bei den Infektioune mat de Covid- an Influenzaviren tëscht dem 3. an 9. Abrëll registréiert.
© RTL-Grafik

An der Kalennerwoch 14 goufen 298 Persoune positiv op de Coronavirus getest, wat am Verglach zu 977 Fäll an der Woch virdrun e Réckgang vun 69,5 Prozent ass. Vun den identifizéierten Infektioune waren iwwer d’Hallschent Reinfektiounen.

Och bei der Gripp gouf et an der genannter Woch en däitleche Réckgang. Do goufen et nach 170 Fäll am Verglach mat 269 déi viregt Woch. Bei der Influenza dominéiert weiderhin den Typ B.

LINK: De Communiqué mat allen Detailer um Site vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO