Problemer fir d'PersonalCoronavirus stellt Psychiatrië virun Erausfuerderungen

Lynn Cruchten
Aktuell muss ee méi Patiente mat psychiatresche Problemer, Depressiounen oder Suicide-Gedanken traitéieren a verschidde Patiente sinn um Virus erkrankt.
Impakt op d'Psychiatrie
Et dierft een de Impakt vun der Kris op déi mental Gesondheet net ënnerschätzen, sou de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Et dierft een de Impakt vun der Kris op déi mental Gesondheet net ënnerschätzen, sou de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Vum Terrain ass et d’Confirmatioun, dass et der Gesellschaft effektiv allgemeng duerch d’Pandemie méi schlecht géif goen.

Bei Kanner a Jugendlechen hätten am Lockdown virun allem Iess-Stéierungen a generell Zwangsstéierungen an Angschtzoustänn zougeholl, soe Psychiateren.

Duerch de Confinement hätt och de Mediekonsum bei Jonken zougeholl. Dat wier awer net just negativ ze gesinn, op d’mannst net wa Smartphone, Tablet a Computer genotzt géifen, fir Kontakter zu Frënn oprecht ze erhalen an Zäiten, wou een déi net physesch dierft begéinen.  Et wier fir d’Entwécklung vun de Jugendlechen awer wichteg, sou vill wéi méiglech Treffen ënner Kolleegen, wann och just zu 2, dobaussen ze erméiglechen.

Ma net all Mënsch, deem et zur Zäit mi schlecht géif goen, bräicht direkt eng psychologesch oder psychiatresch Hëllef, seet den Dokter Jean-Marc Cloos, Medezineschen Direkter vun der Psychiatrie vun den Hôpitaux Robert Schuman.

"Verschiddener hunn d'Méiglechkeete fir sech unzepassen an gutt unzepassen a vläicht och positiv deelweis mat verschiddene Situatiounen eens ze ginn. Anerer erschöpfen sech lues a lues an dat ka bis zu engem Burnout ginn. Dat hänkt och dovun of, wéi dir duerch de Virus affektéiert sidd. Also ech ka mer virstellen, dass ganz vill Leit, déi finanziell Suergen doduerch kruten, wäerten depressiv Problemer, een depressive Risiko hunn. Och vill Leit déi an engem Dauerstress musse wéinst dem Virus do schaffen, zum Beispill Personal an de Klinicken, déi dann an dem Ament iergend wéini eng Kéier sech erschöpfen. A mir passen och hei an der Klinik op, dass eis Leit net selwer ufänken, psychesch krank ze ginn.“

An de Psychiatrien an de Spideeler kéimen duerch d’Pandemie zum normale Betrib och wuel vereenzelt Fäll dobäi.

Problemer hätt een op de Statiounen awer virun allem mat psychiatresche Patienten, déi Covid-positiv getest goufen. Et wier organisatoresch extrem opwänneg, d’Patienten an der Psychiatrie vuneneen ze trennen an et géif méi Personal erfuerderen.

D‘Covid-Kris hätt allgemeng nach emol verdäitlecht, dass een am Secteur personell net gutt genuch opgestallt wier.

Back to Top
CIM LOGO