Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren hunn e Sonnden am fréien Owend mat engem Trakter-Cortège Spideeler, Alters- a Fleegeheemer an aner Foyere besicht. Dës Initiativ gouf zejoert lancéiert, wéi d’Land iwwert d’Chrëschtdeeg am Lockdown war. Ma och wann déi aktuell Mesuren net sou streng sinn, sou wollten d’Bauere sech awer op de Wee maachen.
Eng 70 Traktere hunn sech eleng zu Schuller op de Wee gemaach. Hiert Ziel ware Spideeler an d’Alters- a Fleegeheemer an der Stad. Schonn zejoert hat d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere mat dëser Aktioun op sech opmierksam gemaach. Iwwert d’Chrëschtdeeg wëlle sinn de Leit Courage maachen a Merci soen.
De Cortège ass gewuess. Zejoert waren eng 200 Trakteren ënnerwee, dëst Kéier sinn et der iwwer 400. D’Ween verdeele sech op 6 Tier uechtert d’Land, alles an allem sti 50 Statiounen u Programm. Fir de Cortège, deen zu Schuller lassgefuer ass, ass déi éischt Statioun de CHL. Mat enger Corbeille kritt d’Personal Merci gesot fir hiren Asaz.
D’Aktioun géing bei de Leit esou gutt ukommen, soen déi jonk Baueren, datt si sech kënne virstellen, fir och no der Pandemie mat dëser neier Traditioun weiderzemaachen.