
D’Police, de Parquet an d’Cellule de Renseignement Financier hunn dowéinst Enquêten an d’Weeër geleet. Am Kader vun dësen Enquêtë goufen tëscht dem 13. an dem 23. November 2023 10 Persoune festgeholl. Si gi verdächtegt, hire Bankkonto oder hir Bankkaart zur Verfügung gestallt ze hunn, fir Suen, déi aus de genannte kriminellen Aktivitéite stamen, op dësen ze deposéieren. En Deel vun de Verdächtege koum an Untersuchungshaft.
D’Police erënnert dorun, dass d’Onscholdsvermuddung gëllt.
Et ass dann och de Rappell, dass et strofbar ass, säi Bankkont fir d’Wäsche vu Suen, déi aus kriminellen Aktivitéite stamen, zur Verfügung ze stellen. Wien dat mécht, riskéiert, nieft dem Afréiere vu senge Konten, eng Prisongsstrof vun tëscht engem a fënnef Joer an / oder eng Geldstrof vun tëscht 1.250 an 1.250.000 €.