
D'Mënscherechtskommissioun stéiert sech um Couvre-Feu, dee jo schonn um 21 Auer owes soll ufänken. Dës Mesure géif nämlech virun allem déi Leit treffen, déi am schwächste gestallt sinn. Ausserdeem géif et keng wëssenschaftlech oder medezinesch Donnéeën, déi dës Mesure géife rechtfäerdegen.
Da stelle sech fir d'Mënscherechtskommissioun eng ganz Partie Froen dozou, dass Donnéeë vu Leit, déi geimpft ginn, ganzer 20 Joer laang solle gespäichert ginn, ier dës anonymiséiert ginn.
Ausserdeem fuerdere si, dass d'Regierung d'Lëscht vun essentiellen an net-essentielle Produite weider präziséiert. Och wann een net all Situatioun kéint virausgesinn, misst een awer eng gewësse Flexibilitéit behalen, fir onfair Situatiounen z'evitéieren.