
Knapp ee Joer no dësem éischte Fall si 55.110 positiv Fäll (Stand: 25.02.2021) hei am Land registréiert ginn.
637 hunn de Coronavirus zu Lëtzebuerg an de leschten 12 Méint net iwwerlieft. Si sinn entweder un oder mam Coronavirus gestuerwen.
2 vun 3 Persounen, déi un oder mam Covid-19 gestuerwe sinn, waren iwwer 79 Joer al. 9 vun 10 iwwer 70.
67% vu de Persounen, déi d'Pandemie net iwwerlieft hunn, sinn un oder mam Covid-19 am Spidol verscheet. 55% sinn Männer a 45% Fraen.
Iwwer 2 Milliounen Tester
Zu Lëtzebuerg sinn 2.103.036 Tester (dovunner 1.242.414 am Large Scale) gemaach ginn. (Stand 25.2.2021)
Impfen: luesen Depart
Zu Lëtzebuerg solle bis Enn Mäerz 69.887 Persoune geimpft sinn. 56,6 % dovunner mam Impfstoff vu BioNTech/Pfizer, 39,1 % vun AstraZeneca a 4,3% vu Moderna.
AB…Corona
An de leschten 12 Méint hu mir eis, Corona-bedéngt, un eng ganz Partie nei Wierder misse gewinnen.
Covid ass e Wuert ginn, wat quasi an allen Neiegkeeten zanter engem Joer optaucht. Covid-19 steet fir d'Krankheet, déi duerch Corona-Viren ausgeléist gëtt.
Mer hunn Universitéiten (Johns Hopkins), Instituter (Robert Koch-Institut) oder Pharmakonzerner (AstraZeneca, BioNtech, Moderna) kënne geléiert.
Medezinesch Termen (PCR-Tester, Inzidenzwäerter) sinn am allgemenge Sproochgebrauch erëmzefannen.
FFP-2 Maske sinn dem Bierger geleefeg.
A mer hunn eis Liewensgewunnechten ugepasst.
Homeoffice an Homeschooling hunn eist Liewe fundamental geännert.
Aerosol
Aerosol kënnt aus dem Algriicheschen aer (Loft) an dem Latäin solutio (Léisung). Et ass eng reng Mëschung aus festen a flëssege Stoffer a Gaser ewéi der Loft. Den Haaptiwwerdroungswee vum Coronavirus ass d'Opnam vu virushaltege Partikel (gréisser Drëpsen an Aerosole), déi beim Ootmen, Houschten, Schwätzen, Sangen oder Néitschen ausgestouss ginn.

AstraZeneca ass en internationale Pharmakonzern, deen 1999 no der Fusioun vun der schwedescher Astra AB an der brittescher Zeneca PLC entstanen ass. Den Haaptsëtz ass zu Cambridge. D'Entwécklung an d'Fuerschung ginn a Südschweden gemaach. 2020 huet de Konzern en Ëmsaz vun iwwer 26 Milliarden US-Dollar registréiert. Iwwer 70.000 Mataarbechter schaffe fir de Konzern.
Am Abrëll 2020 huet AstraZeneca e Kontrakt mat der Oxford University ofgeschloss a sech d'Exklusivrechter um Covid-19-Impfstoff AZD1222 geséchert.
AsymptomateschDe Begrëff "asymptomatesch" (ouni Symptomer) gëtt fir Infektiounen ouni erkennbar Symptomer ugewannt.
Ausgangsspär
Fir d'éischte Kéier zanter dem 2. Weltkrich gouf eng Ausgangsspär zu Lëtzebuerg verhaangen. Ëm Chrëschtdag louch déi esouguer tëscht 21 Auer owes an 6 Auer moies. Zanterhier ass se nees tëscht 23 a 6 Auer fixéiert ginn.
BioNtechBioNtech ass 2008 gegrënnt ginn. D'Firma huet sech op d'Recherche géint de Kriibs spezialiséiert. BioNtech ass en däitsche Konzern mat Sëtz zu Mainz. 2019 ass BioNtech op d'Bourse gaangen. Den Ëmsaz louch 2019 bei 121,5 Milliounen Euro. Knapp iwwer 1.300 Leit schaffe fir BioNtech.
Vun Ufank 2020 un huet BioNtech den Impfstoff BNT162b2 géint de Coronavirus entwéckelt.
Contact TracingPersounen, déi positiv op de Coronavirus getest gi sinn, solle sech selwer isoléiere wa se hiert Resultat kruten.
All Persounen, déi mat der positiv getester Persoun Kontakt haten, solle sech och selwer isoléieren.
Fir d'Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, sollen all d'Leit retracéiert ginn, mat deenen eng positiv geteste Persoun an den Deeg virun hirem Testresultat en enke Kontakt hat.
Dës Kontakter riskéieren och infizéiert ze sinn a weider Leit unzestiechen.
Si mussen a Quarantän goen an nom 6. Dag e Covid-Test maachen. Fir d'Kontakter ze retracéieren, huet d'Inspection sanitaire eng gréisser Ekipp vu Leit opgestallt a forméiert.
Déi infizéiert Persounen an hir Kontakter kënne sech op guichet.public.lu e Formulaire eroflueden an hire Fall offiziell der Santé op declarationcovid@ms.etat.lu mellen.
Se kréien dann vun der Unitéit vum Contact Tracing ugeruff.
D'Participatioun um Contact-Tracing-Prozess soll eng besser Kontroll vun der Pandemie méiglech maachen.

Covid-19 oder Coronavirus SARS-CoV-2 (severe acute respiratory syndrome coronavirus type 2) gehéiert zu den Infektiounskrankheeten.
Coronavire sinn ënnert Mammifèren a Vulle wäit verbreet.
Si verursaache beim Mënsch an der Haaptsaach Erkältungskraankheeten, déi meeschtens e mëlle Verlaf hunn. Si kënnen allerdéngs och zu schwéiere Longenentzündunge féieren. Den Haaptiwwerdroungswee ass d'Ophuele vu Viren duerch Ootmen, Houschten, Schwätzen, Sangen an Néitschen.
Drosten
De Christian Heinrich Maria Drosten ass en däitsche Virolog, deen duerch e Podcast um NDR (Norddeutscher Rundfunk) dem allgemenge Public en Abléck an d'Wëssenschaft vun der Virologie verschaaft huet. Hien ass 48 Joer al. War vun 2007 bis 2017 Professer op der Uni Bonn. Zanter 2017 ass de Christian Drosten Professer an Direkter vum Institut fir Virologie vun der Charité zu Berlin. Hien huet e Joer laang Debatt iwwert d’Pandemie an Däitschland beaflosst an ass Beroder vun der Bundesregierung wärend der Pandemie.
Ema
D'Ema ass déi europäesch Medikamentenagence, déi fir d'Beuerteelung an d'Iwwerwaachung vu Medikamenter zoustänneg ass. D'Agence ass 1995 gegrënnt ginn. Hire Sëtz ass zu Amsterdam.
FFP-2-MaskenFFP steet fir "Filtering face pieces". Ursprénglech si se als Anti-Stëbs-Schutzmasken entwéckelt ginn. FFP-2-Masken dénge primär deem eegene Schutz. Hir Schutzfunktioun ass duerch eng europäesch Norm gereegelt. Opgrond vun dëser Norm mussen FFP-2-Maske 95% vun de Partikel (Schuedstoffer an Aerosolen) filteren. Am Verglach: FFP-1-Maske filteren 80% oder méi vun de Schuedstoffer an der Otemloft, FFP-3-Maske bis zu 99%.
Offiziell kënnen dës Masken net 2 Mol benotzt ginn, well hir Filterleeschtung erofgeet, esou bal se fiicht ginn. Se kënnen awer am Bakuewen erhëtzt ginn oder un der Loft gedréchent ginn.
Ënner anerem a Bayern ass et zanter dem 18. Januar 2021 obligatoresch, fir FFP-2-Masken ze droen.
Flatten the curve
"Flatten the curve" ass en Hashtag a steet fir d'Opfuerderung, duerch säin eegent Verhalen dozou bäizedroen, dass d'Ausbreedung vum Virus ofgebremst gëtt.
D'Courbe vu Covid-19-Neiinfektioune flaacht of, wa manner Leit sech ustiechen.
Geste barrière
Avis fir de Public op Santé.lu
Grenzkontrollen
Zwee Méint laang gouf et Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg am Fréijoer 2020.
D'Grenziwwergäng waren duerch Ofspärungen "geséchert". D'Kontrollen an d'Spären haten an der Grenzregioun fir hefteg Kritik gesuergt.
Homeoffice/HomeschoolingHomeoffice
Definitioun: Mat moderner Kommunikatiounstechnik ekipéierte Büro an der eegener Wunneng.
Homeoffice ass eng Aarbechtsorganisatioun, bei där d'Salariéen hir Aufgabe ganz oder deelweis baussent de Geschäftsraim oder Produktiounssitte vu hirem Patron, an der Haaptsaach online ausüben.
Homeoffice ass am Prinzip, jee no Länner fir Grenzgänger gereegelt. A Covid-Zäite gëlt dës Reegel net. D'Grenzgänger bezuele bis Enn Dezember 2021 hir voll Steieren zu Lëtzebuerg.
Homeoffice ass am Prinzip fir Grenzgänger op eng bestëmmten Zuel vun Deeg am Joer limitéiert. Gëtt dës Limitt iwwerschratt, gëtt d'Persoun an hirem Heemechtsland besteiert.
Homeschooling
Homeschooling gouf wärend dem Lockdown am Mäerz 2020 zu Lëtzebuerg agefouert. D'Kanner léieren doheem, vill Coursë ginn online ofgehalen. Am Ufank war dat net evident, well weder Enseignanten, nach Schüler drop virbereet waren an net jiddereen dat néidegt Ekipement dofir hat. Zanter Enn November sinn déi iewescht Lycéesklassen (4e-2e) ofwiesselend am Homeschooling an an der Schoul. Eng Woch iwwer déi aner oder een Dag iwwer den aneren, jee no Lycée.
Hotspot
Covid-Definitioun: Hotspotte sinn Plazen, wou vill infizéiert Persoune liewen oder Plazen, wou e Risiko besteet, dass et zu Covid-19-Infektioune ka kommen.
Biologie-Definitioun: Eenzel Plaz oder Beräich vun engem Gen, an deem besonnesch dacks Mutatiounen optrieden.
Geologie-Definitioun: Hypothetesch begrenzte Regioun am Äerdmantel ënnert der Lithosphär.
Télécom-Definitioun: Hotspotte sinn ëffentlech zougänglech Internetaccèsen, wou vill Trafic ass, well vill Leit mateneen op enger Plaz (Bsp. an engem Café) surfen.

Hydroxychloroquin ass wuel eent vun den ëmstriddenste Medikamenter, dat bei der Behandlung vu Covid-19-Patienten zum Asaz komm ass.
D'Europäesch Medikamentenagence (Ema) huet schonn am Juni wéinst de Risken vu schwéieren Niewewierkunge virun Hydroxychloroquin gewarnt.
D'Mëttel ass géint Malaria a bestëmmten Autoimmunkrankheeten zougelooss.
Impfstrategie
D'Impfstrategie zu Lëtzebuerg gëtt a Phasen duerchgefouert.
An der Phas 1 kommen d'Acteuren aus de Spideeler an Altersheemer un d'Rei. Dobäi komme prioritär och Persounen, déi an Alters- a Fleegeheimer liewen un d'Rei.
An der Phas 2 ginn Persounen iwwer 75 Joer geimpft. An där Phas ginn och héich vulnerabel Leit geimpft (z.B Kriibspatienten, Leit mat enger Transplantatioun, Persoune mat Trisomie 21).
Phas 3: vulnerabel Leit
Phas 4: moderat vulnerabeler
An de Phasen 3-6 kommen och déi 70-74, 69-65, 64-55 Joer al Persounen drun an um Enn Persounen tëscht 16 a 54 Joer.
Zum Asaz kommen Impfstoffer vu BioNtech/Pfizer, AstraZeneca a Moderna.
Inzidenzzuel
Definitioun: Unzuel vun nei optriedenden Erkrankunge bannent enger Persounegrupp vun enger bestëmmter Gréisst wärend engem bestëmmten Zäitraum.
De Begrëff kënnt aus dem Latäin incidere (virfalen). Am medezinesche Beräich schwätzt ee vun Inzidenz, wann en Neierkrankungstaux vun enger bestëmmter Krankheet gemengt ass.
An Däitschland ass en Inzidenztaux bei 35 Neierkrankunge pro 100.000 Awunner festgeluecht ginn, fir verschidde Restriktiounen zeréckzehuelen.
IsolatiounD'Isolatioun gëllt fir Persoune mat enger confirméierter Covid-19-Infektioun. Dës Persoune musse sech doheem isoléieren. D'Isolatioun gëtt vun der Direction de la santé fir op d'mannst 10 Deeg ausgeschwat.Johns Hopkins Universitéit
D'Johns Hopkins Universitéit ass eng Privatuniversitéit, déi 1876 gegrënnt gouf. Et war déi éischt amerikanesch Universitéit, déi Fuerschung bedriwwen huet.
D'Uni läit am US-Bundesstaat Maryland an huet Filialen zu Bologna an zu Nanjing a China.
29 Nobelpräisdréier sinn aus der Johns Hopkins Universitéit ervirgaangen.
Wärend der Pandemie krut dës Uni weltwäit Opmierksamkeet, well se Zuelematerial iwwert d'Entwécklung vum Virus gesammelt a publizéiert huet.
KontrollenWärend de Feierdeeg (tëscht dem 26.Dezember an dem 3.Januar) huet d'Police 400 Kontrollen duerchgefouert an 215 Protokoller an der Haaptsaach wéinst Verstéiss géint d'Ausgangsspär verhaangen.Lockdown
Lockdown heescht esou vill ewéi Ausgangsspär, fir eng Epidemie anzedämmen.
Zu Lëtzebuerg gouf et wärend der Corona-Pandemie zweemol e Lockdown, dee verlängert gouf.

De Large-Scale-Testing huet zum Zil, d'Entwécklung vun der Covid-19-Infektioun an der Populatioun ze iwwerwaachen.
Des Teststrategie baséiert drop, fir sech duerch reegelméisseg Tester u representative Stéchprouwen vun der Populatioun en Iwwerbléck vun der Verbreedung vum Virus ze erméiglechen.
ModernaModerna ass en amerikanesche Pharmakonzern mat Sëtz zu Cambridge am Massachussets (US). D'Firma ass zanter Dezember 2018 op der Bourse. Moderna ass 2010 gegrënnt ginn. Eng 1000 Mataarbechter schaffe fir d'Firma. Zu hire Partner zielen ënner anerem AstraZeneca, Merck a Bill and Melinda Gates Foundation.Mutatiounen
Zwou Virusvariante bereeden den Autoritéiten Kappzerbrieches.
De B.1.1.7 oder brittesch Variant, déi am September 2020 fir d’éischt a Groussbritannien opgetrueden ass.
De B.1.351 oder südafrikanesch Variant, déi am Dezember 2020 fir d’éischt a Südafrika détecteiert gouf.
D'P1 (B.1.1.28) oder brasilianesch Variant änelt der südafrikanescher Variant an ass fir d'éischt am Amazonas opgetrueden.
NeiinfektiounenAll Dag gëtt ee mat Zuele bombardéiert. Eng dovunner ass d'Zuel vun de Mënschen, déi op engem bestëmmten Dag positiv mam Virus getest goufen.
Ouvertureszäiten
Wärend dem leschte Joer war et en Thema: d'Ouvertureszäite vun den Large-Scale-Teststatiounen oder de private Laboen. Haut dréit sech villes ronderëm d'Ouvertureszäite vun den Impfzenteren (wa se bis genuch Impfdosissen hunn an d'Invitatioune bis verschéckt sinn).
Pandemie
Eng Pandemie (pan:gesamt,demos:Vollek) ass eng Epidemie vun engem groussen Ausmooss.
Se ass eng nei, allerdéngs zäitlech begrenzten,nweltwäit verbreeten Infektiounskrankheet mat héijen Infektiounszuelen.
Am Ënnerscheed zur Epidemie, ass se net lokal begrenzt.
Zu de Pandemien zielt déi spuenesch Gripp (1918-1920) mat geschate 500 Milliounen infizéierte Persounen an tëscht 20 a 50 Milliounen Doudeger.
HIV/AIDS gëllt och als Pandemie. Zanter den 80er Joren hu sech weltwäit eng 76 Millioune Persoune mam Virus ugestach. 33 Milliounen hunn HIV/AIDS net iwwerlieft.
Den 11.Mäerz 2020 huet d'WHO Covid-19 als Pandemie deklaréiert.
PCR-TestPCR steet fir "Polymerase Chain Reaction". (Polymerasenkettenreaktion)
Den Test ass 1983 vum Kary Mullis entwéckelt ginn. Dofir krut hien 1993 den Nobelpräis an der Chimie.
D'PCR-Technik ass e Standardverfaren an der Virusdiagnos.
Positivitéits-taux
De Positivitéitstaux entsprécht der Zuel vu Persounen, déi fir d'éischte Kéier bannent méi ewéi 60 Deeg positiv op de Coronavirus getest gi sinn, am Rapport mam Total vun alle geteste Persounen (positiv oder negativ), déi an de leschte 60 Deeg ni positiv getest gi sinn.
Dat ass déi franséisch Definitioun.
De Lëtzebuerger Gesondheetsministère definéiert de Positivitéitstaux esou: d'Zuel vun de positiv geteste Persoune gëtt duerch den Total vun Tester gedeelt an a Prozenter ausgedréckt.
PrevalenzPrevalenz seet aus, wéivill Persounen aus enger Populatioun zu engem bestëmmten Zäitpunkt un enger bestëmmter Krankheet erkrankt sinn.
Et gëtt eng Prevalenz op engem Stéchdag (um Dag X sinn X-Leit u Corona erkrankt) a pro Mount.
Quarantän
Eng Quarantän ass eng zäitlech begrenzte Moossnam, fir d'Verbreede vum Virus anzegrenzen. Bei dëse Persoune besteet de Verdacht op eng Infektioun, well se entweder Kontakt mat kranke Persounen hat oder aus engem Risikogebitt erëmkomm ass.
Eng Quarantän gëllt fir Persounen, déi enke Kontakt mat enger Persoun, déi infizéiert ass, dat heescht e Kontakt fir méi wéi 15 Minutten. Dës Persoune mussen nom leschte Kontakt mat der infizéierter Persoun fir 7 Deeg doheem bleiwen.
Reproduktiounstaux
De Reproduktiounstaux entsprécht der Moyenne vun deene Persounen, déi eng infizéiert Persoun kann ustiechen. Wann de sougenannten R-Wäert méi héich wéi 1 ass, da breet d'Epidemie sech aus. Wann den R-Wäert ënnert 1 läit, geet d'Epidemie zeréck.
Robert Koch-Institut (RKI)De Robert Koch-Institut ass e Bundesinstitut, deen dem däitschen Gesondheetsministère ugegliddert ass. Den RKI ass 1891 gegrënnt ginn. Den 1. Direkter war de Robert Koch, deen 1905 den Nobelpräis fir Medezin wéinst senger Decouverte vum Erreeger vun der Tuberkulos krut. 2019 ass den Institut en Zentrum fir internationale Gesondheetsschutz ginn.
Zil ass et, d'Populatioun viru Krankheeten ze schützen an hire Gesondheetszoustand ze verbesseren. Am RKI schaffen 1.100 Mataarbechter aus 90 verschiddene Beruffer.
SchmierinfektiounBei enger Schmierinfektioun gi Viren iwwert eng Kette vu Kontakter iwwerdroen. Entweder geschitt dat iwwert de Mënsch zum Mënsch oder iwwer Géigestänn.
De SARS-CoV-2 gëtt an der Haaptsaach beim Ootmen, Houschten, Schwätzen, Sangen oder Néitsche verbreet.
Eng Iwwerdroung duerch kontaminéiert Surfacen an der direkter Noperschaft vun enger infizéierter Persoun ass allerdéngs net auszeschléissen.
Schnelltester
Schnelltester weisen am Géigesaz zu PCR-Tester keen Ierfmaterial no, mä nëmme Virusproteiner. D'Prouwe ginn an der Nues oder am Hals geholl. D'Resultat läit no 15 Minutte vir.
Sequenzéieren
Dat bedeit: genetesch Analys vum Virus, fir seng Souche/Variant ze identifizéieren an eventuell Mutatiounen ze erkennen. Zu Lëtzebuerg ass de Staatslabo LNS fir d'Sequenzéierung vum SARS-CoV-2 zoustänneg. Et geet drëm, erauszefannen, wéi verbreet déi méi ustiechend brittesch a südafrikanesch Virusvariante mëttlerweil sinn.
Social distancingDe Coronavirus verbreet sech iwwert mënschlech Kontakter.Virun allem duerch Houschten, Néitsen oder Schwätzen.Duerch de Social distancing (1,5 bis 2 Meter Distanz jee no Land) kann d'Verbreede vum Virus ofgebremst ginn.

Sputnik V ass deen 1. Covid-19-Vaccin op der Welt, deen eng Zouloossung krut. Dat war am August 2020 a Russland an huet fir vill Kritik gesuergt. Zu deem Zäitpunkt war déi wichteg 3. klinesch Testphas nämlech nach net duerchgefouert. De russesche Vaccin ass ee vun 3 Covid-19-Impfstoffer, déi eng Wierksamkeet vu méi wéi 90% hunn.
Hien ass den Ament a 25 Länner weltwäit registréiert.
SuperspreaderSuperspreader si Mënschen, déi infizéiert sinn a besonnesch vill aner Matbierger ustiechen. Dat läit net onbedéngt bei de Persoune selwer, mä bei den Ëmstänn. Dës massiv Infektioune kënne bei sougenannten "Superspreader-Events" geschéien. Dat heescht do, wou vill Leit beienee sinn a sech dann d'Vire gutt verbreede kënne.
Task Force
D-Covid-19-Task-Force zu Lëtzebuerg huet zum Zil, de Gesondheetssystem mat der Expertis vum Fuerschungssecteur zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen.
Zur Task Force zielen de Luxembourg Institute of Health (LIH), de Luxembourg Institute of socio-economic research (Liser), de Luxembourg Institute of Science and technology (List), de Laboratoire national de santé (LNS), Luxinnovation, d'Universitéit an de Fonds National de Recherche (FNR).
Hir Haaptprojete sinn d'Con-vince-Etüd, mat där d'Dynamik vun der Verbreedung vun der Pandemie an der Lëtzebuerger Populatioun evaluéiert gëtt an d'Predi-Covid-Etüd, mat där wichteg Risikofacteuren a Biomarqueuere vu Covid-19 identifizéiert ginn, fir Laangzäitschied vun der Krankheet an der Populatioun festzestellen.
De Spriecher vun der Covid-19-Task-Force ass den Ulf Nehrbass (LIH).
Ursprong
Den Ursprong vun der Epidemie, déi zur Pandemie gouf, ass bis haut net gekläert. Et geet een dovunner aus, datt de Virus vun der Fliedermaus kënnt, awer den Tëschewiert fir d'Iwwerdroung vum SARS-CoV-2 op de Mënsch net bekannt ass. Dat léisst Raum fir... Verschwierungstheorien.
VerschwierungstheorienA puncto Covid-19 hält sech ënnert Verschwierungstheoretiker bis haut d'Thees, dass de Virus an engem chinesesche Laboratoire oder an engem vum Bill Gates finanzéierte Laboratoire produzéiert gouf.

Am Verlaf vun der Pandemie huet RTL en neie Podcast mam Numm "Wellebriecher" lancéiert.
All Woch diskutéieren d'Marie Gales an de Pierre Weimerskirch iwwert de Coronavirus.
2020 ass d'Corona-Pandemie ugaangen an all Dag ginn et nei Erkenntnisser iwwert dee Virus, deen eist Liewen op d'Kopp gehäit huet.
Mir suivéieren an eisem Podcast Wellebriecher déi aktuell Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an der Welt. Wat ee muss wëssen, gëtt ee bei eis gewuer, beim Marie Gales a Pierre Weimerskirch an all Woch ass en Expert mat dobäi, deem Dir Är Froe stelle kënnt.
Schreift dës op wellebriecher@rtl.lu
WHOD'Weltgesondheetsorganisatioun huet Covid-19 am Januar 2020 zur Pandemie deklaréiert.
D'WHO (World Health Organization) ass am Abrëll 1948 gegrënnt ginn. 194 Länner si Member vun der WHO: 7.000 Mataarbechter schaffen an iwwer 150 Länner uechtert d'ganz Welt. Den Haaptsëtz ass zu Genf an der Schwäiz.
Wierksamkeet… dréckt déi relativ Reduktioun vum Ustiechungsrisiko vun enger geimpfter Persoun par Rapport zu enger net geimpfter Persoun aus. Huet en Impfstoff eng Wierksamkeet vun 90%, bedeit dat net, datt 90% vun de Leit, déi geimpft goufen, virun enger Covid-19 Infektioun geschützt sinn. Mee et heescht, datt eng geimpfte Persoun 90% manner Risiko leeft, sech mam Virus ze infizéieren, wéi eng net geimpfte Persoun.
Wuhan
Wuhan ass eng Stad an der Provënz Hubei a China. Iwwer 8 Millioune Mënsche wunnen zu Wuhan selwer. Wuhan (Stad vun de Flëss) läit a Mëttelchina op enger Plaz, wou d'Flëss Jangtsekiang an Han zesummelafen. D'Stad, déi als industriellen Zentrum vu Mëttelchina gëllt, gouf zejoert weltwäit bekannt, well de Covid-19-Virus fir d'éischte Kéier an der Stad detektéiert gouf. Wuhan ass eng vun de wichtegsten Zouliwwerer-Stied fir d'Vëlosbranche (zum Beispill fir Ersatzdeeler).
Zweet Well
Bei der Pandemie geet vu Welle riets. Eng éischt Well huet sech vu Fréijoer 2020 bis Hierscht 2020 gezunn.
Um Héichpunkt vun der 1. Well sinn den 23. Mäerz 2020 219 Persoune positiv op de Coronavirus getest ginn.
Den 3. Abrëll louche 35 Persoune wéinst Covid-19 op der Intensivstatioun.
Déi 2. Well ass am Hierscht 2020 ugaangen an zitt sech einstweilen emol bis Enn Februar 2021.
Den absolutten Héichpunkt vun der 2. Well waren déi 891 Infektiounen, déi den 17. November 2020 festgestallt gi sinn.
Den 13.Dezember si 50 Persounen intensiv wéinst enger Covid-19-Infektioun behandelt ginn.
www.covid19.public.lu
www.data.public.lu
www.researchluxembourg.lu
www.lod.lu
www.infektionsschutz.de
www.rki.de
www.jhu.edu
www.astrazeneca.com
www.biontech.de
www.modernatx.com
www.ema.europa.eu
www.virologie-ccm.charite.de
www.apotheken-umschau.de
www.languages.oup.com
www.tk.de
www.de.pons.com
www.quarks.de
www.data.gouv.fr
www.sputnikvaccine.com
www.who.int
www.rwi-essen.de
www.bfarm.de
www.unaids.org
www.oup.com
