3-fach EpidemieCovid-19, d'Bronchiolitten an d'Gripp hale Spideeler a Generalisten op Trapp

Annick Goerens
Aktuell ass et virop d'Gripp, déi fir vill Hospitalisatioune suergt an de Grand-Duché steet domat och net eleng do.

A Frankräich huet de Gesondheetsminister vun enger “Triple Epidemie” geschwat. Dat confirméiert den Dr Emile Bock, Urgentiste a Coordinateur vun den Urgencen an den Hôpitaux Robert Schuman.

Belaaschtung Spideeler&Dokteren/Reportage Annick Goerens

Mir observéieren och déi 3-fach Fäll: Covid, Gripp an den RS-Virus, deen natierlech bei den Adultë manner Problemer mécht. D’Gripp do si mer nach net um Pic épidémique, dat mierkt een och. Et sinn haaptsächlech Grippen, déi erakommen an déi hu virun allem Konsequenze fir eeler Leit.

An de leschten 14 Deeg haten d’Hôpitaux Robert Schuman eng 2.300 Passagen. Dovunner ronn 350 wéinst Problemer bei der Ootmung. Besonnesch iwwer d’Feierdeeg hat sech d’Situatioun dunn zougespëtzt.

Et war eng enorm Aktivitéit. Do ass en plus nach leschte Méindeg d’Glatäis dobäikomm. An de 4 Spideeler war enorm Aarbecht. Mir haten do Garde vu 7 bis 5, do waren 154 Leit duerchgaangen. De CHL, vun deem, wat ech weess, déi haten 290 Leit bei enger Aktivitéit normalerweis ëm déi 200. Dat heescht, dat waren 30 Prozent méi Leit.

Iwwer de Weekend an iwwer d’Feierdeeg wieren et virun allem eeler Leit gewiescht, déi mat enger Gripp an den Urgencë passéiert wieren. Wat d’Bronchiolitten ugeet, hätt sech d’Situatioun an der Kannerklinik mëttlerweil stabiliséiert, sou d’Directrice médical aus dem CHL, d’Dr Martine Goergen.

Dat ass elo net méi déi primordial virologesch Infektioun. Et ass éischter alles, wat de Grippevirus ass, also den normalen Influenza an den Adenovirus. Dës maachen, dass trotzdeem e groussen Zoulaf ass, och wann de Problem vun de Bronchiolitte selwer elo net méi sou grouss ass.

Dat nämmlecht Bild hunn den Ament och d’Generalisten. D’Praxisse sinn iwwerlaf, erkläert de Generalist Dr Nico Haas.

Et ass alles ausgelaascht. Et si guer keng Plaze méi fräi. Et ass esou schlëmm, dass d’Leit souguer béis ginn, mee mir kënnen net méi wéi maachen. Ech sinn haut am Congé, mee ech sinn esouguer haut Visitte maache gaangen, well keen do war, deen disponibel war, fir de Rescht ze maachen. De Problem wier, dass de Milieu extrahospitalier net planifiéiert wier.

Do fuerdert de Generalist, sech e Beispill ze huelen u Skandinavien. D’Recommandatioun vun all den Doktere bleift iwwerdeems déi nämmlecht: besonnesch eeler a vulnerabel Leit solle sech nach impfe loosse géint d’Gripp. An déi éischt Ulafstell ass net d’Urgence, mee den Hausdokter, respektiv owes oder an der Nuecht d’Maison médicale.

Back to Top
CIM LOGO