Eng leschte Kéier fir dëst Joer hunn d’Dokteren an d’Fleegepersonal en Donneschdeg zu enger weiderer Gedenkminutt vun de sougenannten “wäisse Kittelen” an der Mëttesstonn opgeruff. Hir Aarbecht ass elo zanter 22 Méint duerch de Covid beaflosst. Och an de Praxisse vun de Generalisten.
Wann an engem Dag méi wéi 1.000 Leit hei am Land positiv op de Coronavirus getest ginn, kréien dat natierlech och d’Hausdokteren ze spieren, seet de Mierscher Generalist, den Dokter David Heck:
“Mir mierken natierlech och, datt de Virus nees méi verbreet ass. All Dag hu mer eng ganz Rëtsch Leit déi eis kontaktéieren, well se e Schnelltest doheem gemaach hunn. A wa mer dann e PCR verschreiwen, dann ass deen an den allermeeschte Fäll och positiv hannendrun”.
Vill Leit, déi sech positiv via Schnelltest getest hunn, géifen uruffen fir eng Ordonnance fir e PCR-Test ze kréien. D’Demande géif een den Ament awer gestemmt kréien.
Positiv wier, datt vill Leit scho geimpft sinn an dowéinst och a Priori net sou schlëmm krank ginn. D’Situatioun wier haut eng aner, wéi d’lescht Joer. Wéinst de Covid-Oplagen, kënnen d’Generalisten nach ëmmer manner Patienten an engem Dag empfänken, wéi virun der Pandemie. A senger Praxis kéint ee bis elo awer mol nach der Demande gerecht ginn, sou den Hausdokter. De David Heck impft a senger Gemeinschaftspraxis zu Miersch och géint de Covid. Si géife gemengerhand 2-3 Deeg an der Woch fir d’Impfung reservéieren, well déi muss gutt geplangt sinn.
“Do sinn eis Sekretären, déi ech muss luewen, well déi immens vill Aarbecht drastieche fir déi Rendez-Vousen ze plangen. Dat ass eng gewësse Logistik. Beim Impfstoff vu Pfizer huet ee sechs Dosissen an enger Fläsch, déi ee muss an Zäit vu sechs Stonne verbrauchen. Bei Moderna si fir d’Rappeller 20 Dosissen an enger Fläsch. Dat si vill Rendez-Vouser. Dat ass vill Opwand. An dat kënnt nach bei déi ganz Aarbecht nach derbäi. Op der anerer Säit ass et et awer derwäert”.
Et géif een iwwert dee Wee nämlech verschidde Leit areechen, déi sech soss vläicht virun der Impfung gestrieft hätt. Leit, déi sech vum Hausdokter wëllen impfe loossen, mussen den Ablack eng gewësse Waardezäit a Kaf huelen. Vun de Kapazitéite kënnen d’Generalisten natierlech net mat engem Impfzenter mathalen. Wichteg wier et awer, wann een ee geholl huet, säi Rendez-Vous och anzehalen.
D’Presidentin vum Cercle vun de Generalisten Dokter Stéphanie Obertin géif sech wënschen, datt nach méi Generaliste bei der Impfcampagne matmaachen a virun allem, datt geschwënn méi Impfstoff disponibel ass.
“Also mir impfen sou wäit mer Impfstoff hunn. Mir sinn den Ament e bësschen enk mat deem, wat mer geliwwert kréien. Mä do hoffe mer datt dat sech bessert an den nächste Wochen”.
Donieft wieren och d’Sprëtze knapp, sou d’Stéphanie Obertin. Den Ament kann ee sech bei ronn 250 Generaliste géint de Covid impfe loossen. Zanter dëser Woch offréieren och verschidde Pediateren d’Impfung fir déi Kleng vu fënnef Joer un.