
Vun 1.784 Fäll an der Woch vum 6. bis den 12. Mäerz ware 54,6 % Reinfektiounen, also Persounen, déi sech virdru schonn emol infizéiert haten.
Am Duerchschnëtt waren 20 Mënsche mat Infektiounen hospitaliséiert, wouvun ee Patient op der Intensivstatioun louch. Eng Persoun ass déi lescht Woch mat Covid oder un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen.