
D'Chamber war fir déi 13. Kéier beienee wéinst Covid-Mesuren. En gros gëtt den aktuellen Text bis Mëtt Mäerz verlängert, mat liichten Adaptatiounen zum Beispill beim Dateschutz a beim Sport. De generelle Constat ass deen, datt d'Mutatiounen e grousse Risiko duerstellen.
D'Situatioun wier weiderhi riskant a wéineg berouegend, zemools mat Bléck op d'Mutatiounen, sou den LSAP-Deputéierten a Covid-Rapporter Mars di Bartolomeo.
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert confirméiert, datt d'Mutanten an dëser Situatioun déi grouss Onbekannt sinn an et géing nach un Donnéë feelen. D'Kand léich den Ament awer nach net am Pëtz, mä et wier eng ganz geféierlech Zäit an et däerft een lo net noloossen.
D'Paulette Lenert: Déi drëtt Well ass am geféierlechsten, well d'Leit es einfach genuch hunn, well si es einfach sat hunn, sech un déi Reegelen ze halen. Da géif ech och gären drop opmierksam maachen, firwat mer besser wëlle kontrolléieren, ob d'Leit och de sechsten Dag an der Quarantän och den Test maachen, ma well sech erwisen huet, datt dat scheinbar net méi sou agehale gëtt. Dat ass eng nei Erkenntnis.
Bei Zuele-Vergläicher mam Ausland sollte virun allem den Taux de positivité an d'Occupatioun vun de Spidolsbetter als Indicateur gekuckt ginn, sou d'LSAP-Ministesch. Wat d'Impfungen ugeet, sot d'Gesondheetsministesch, datt ee géing reagéieren, wann et bei engem Produit gréisser Problemer sollt ginn.
De Premier Xavier Bettel wollt iwwerdeems mat Kritiker opraumen, datt Lëtzebuerg géif Vaccine bunkeren oder hamsteren.
Xavier Bettel: Mir kéinten impfen: 52.600 Dose gedeelt duerch 2, dat si gläich 26.300 Persounen. Stand e Freideg de Mëtteg 14 Auer ware geimpft zu Lëtzebuerg: 22.700 Leit mat enger éischter Dosis. 7.400 Leit mat der zweeter Dosis. Domat hu mir elo Vaccine fir 3600 Leit am Stock.
A wann d'Ema géing soen, datt bei verschiddene Produiten eng eenzeg Impfung duer geet, da géing een dat och maachen, sou de Staatsminister. Och d'Schnelltester wäerten iergendwann zu Lëtzebuerg zum Alldag gehéieren.
E weidert Thema am Plenum: d'Schoulen. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch sot, datt de Presenzunterrecht soulaang et geet soll bäibehale ginn. Hie kéint awer net ausschléissen, datt nach méi strikt Mesuren och op nationalem Niveau misste geholl ginn.
De grénge Mobilitéitsminister François Bausch huet fir säin Deel wësse gedoen, datt entretemps 11 Garë mat Désinfectant-Spenderen equipéiert sinn.
Déi integral Oppositioun dréit den Text net mat. Och wann d'CSV zum Beispill prinzipiell d'Accord ass, datt een elo net soll labber loossen, gëtt sech u villem gestéiert.
Den Deputéierte Claude Wiseler: Et ass net d'Zäit fir opzemaachen, notamment wéinst de Varianten. Mir sinn der Meenung, datt d'Moossname vun der Regierung net duer ginn, virun allem an der Schoul. De Kader ass ze vill konfus. Wëssenschaftlech Wäerter feelen déi d'Decisioune besser géingen erklären. D'Impfstrategie ass ze lues a fir d'Leit net verständlech. D'Kommunkatiounsstrategie ass net effizient. Den Text ass technesch net gutt a schlecht gemaach.
Medezinesch Onstëmmegkeete a keng Logik fënnt d'ADR am Text a stëmmt och dogéint. Den Agrëff an d'Fräiheet vun de Leit wier disproportionéiert.
Och déi Lénk an d'Pirate soen Neen. Hinnen ass ënner anerem de Couvre-feu weiderhin en Dar am Aen. Déi Lénk an d'Pirate verlaangen iwwerdeems och, datt d'Pressekonferenze vun der Regierung nees ganz ëffentlech gemaach ginn. Eng deementspriechend Motioun vun de Piraten iwwert den Informatiounszougang, déi gefrot huet, fir d’Pressekonferenze vun der Regierung nees integral, also mat de Froe vun de Journalisten, um Internetsite vun der Regierung zougänglech ze maachen, krut allerdéngs nëmmen déi 29 Stëmme vun der Oppositioun, d’Majoritéitsparteien hunn dogéint gestëmmt. Souwuel d’Journalistenassociatioun ALJP, wéi och déi consultativ Mënscherechtskommissioun hate kritiséiert, datt nëmmen d’Presentatioun vun de Ministeren no de Pressekonferenzen nach ze fanne sinn.
Eng weider Motioun vun de Piraten, déi freet, datt d‘Gemengeresponsabel all Woch e Rapport iwwert d’Entwécklung vun der Pandemie an hirer Gemeng kréien, gouf awer eestëmmeg vun der Chamber ugeholl.
Eng Resolutioun vun der ADR, déi gefrot huet beim Rechnungshaff e Spezialrapport vum Large Scale Testing an Optrag ze ginn, gouf vun deenen anere Parteien net ënnerstëtzt – si hu sech notamment dru gestéiert, datt d’Resolutioun sou geschriwwe wier, wéi wann een dovu géing ausgoen, datt de Large Scale Testing näischt brénge géing.
