Anescht wéi geduechtCovid-Pandemie hat just e limitéierten Afloss op den Assurancë-Secteur

Jean-Marc Sturm
Covid-Pandemie, Krich an der Ukrain, et sinn onsécher Zäiten. Do misst ee mengen, dass e Secteure wéi dee vun den Assurancen an der Lescht gelidden huet.

Deem war awer net esou, 2021 gouf et bei de Primmen ee Plus vu bal 21% par Rapport zum Joer virdru mat am Ganze 57 Milliarden Euro. De Gros vun der Hausse war um Niveau vun de Liewensversécherungen.

Bilan Assurancen/Reportage Jean-Marc Sturm

Wann een de ganze Secteur kuckt, kënnt ee fir 2021 op een Ëmsaz vun 339 Milliarden Euro, och do maachen d’Liewensversécherungen de Gros aus.
Ee wichtege Facteur ass de Marché iwwert eis Grenzen ewech. Heiheem schaffen iwwer 13.200 Leit am Assurance-Secteur.

Anescht, wéi vill Leit denken, hat d’Pandemie just ee limitéierten Afloss, esou den Yves Baustert vum Commisariat aux Assurances. 2021 war och markéiert vun den Iwwerschwemmungen. Leschten Estimatiounen no huet d’Héichwaasser d’Assurancë ronn 125 Milliounen Euro kascht.

Back to Top
CIM LOGO