
Et ass net ausgeschloss, datt am Laf vum Schouljoer nach weider Adaptatioune kommen, sief et bei de sanitäre Reegelen, bei der Andeelung vum Joer, eventuell a Semesteren oder op der Première, dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Freideg de Moien an Kader vun eiser Emissioun "Dir hutt d'Wuert".
D'lescht Joer hätt ee Léisunge fir de Premièresexamen nom Lockdown fonnt. Och dëst Joer misst een eng Chancëgläichheet garantéieren. Adaptatioune kéinte ronderëm d'Fuesent annoncéiert ginn.
Dem Claude Meisch no gëtt et och eng Ouverture a Punkto "CO2-Detekteren", déi d'Konzentratioun an der Loft moossen. Op d'Fro, ob déi vum Ministère bezuelt géife ginn, sot de liberale Minister, sou technesch Outile géifen net d'Welt kaschten. D'Lycéeën oder d'Gemenge kéinten déi CO2-Ampele fir hir Gebaier organiséieren. Et dierft an dësen Zäiten all Zäit net um Finanzement scheiteren.
Wat den Homeschooling ugeet, wëll de Ministère e Guide erausginn, an deem d'Consignen nach emol all regroupéiert ginn. Unterrecht doheem géif awer net déi physesch Presenz an der Schoul ersetzen. Den Educatiounsministère ass, anescht wéi vläicht erwaart, jo net op de Wee gaangen, fir an den ieweschte Klassen am Secondaire e generaliséierten A-B-Modell ze applizéieren. 3 Lycéeë si bis ewell vu sech op de Wee gaangen. Als éischt de Michel Lucius. Ee véierten kéint geschwënn nokommen.
Wat d'Fermeture vun der Spillschoul zu Ettelbréck dës Woch ugeet, war et de Freideg de Moien d'Prezisioun vum Minister, datt d'Schoul hir Diere fir zwee Deeg aus organisatoresche Grënn huet missen zouloossen, wéinst ville Quarantäne bei den Enseignanten.
Well esou vill Froen erakomm sinn, konnte mer se leider net all mat an d'Sendung huelen. Mir hoffen op Äert Versteesdemech.
