Parlamentaresch FroCovid-Vaccin: Lëtzebuerg an direktem Kontakt mat Pharmakonzerner

RTL Lëtzebuerg
Vun der Regierung gëtt et awer keng kloer Äntwert, ob een dann elo supplementär Impfdosisse selwer bestallt huet, oder net.

Bestellt d'Lëtzebuerger Regierung iwwert déi europäesch Commande eraus Impfdosisse géint de Coronavirus, esou wéi aner Länner dat och maachen? Doriwwer gëtt et e Mëttwoch keng kloer Aussoen. Wéi aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng urgent parlamentaresch Fro vun der CSV ervirgeet, hätt d'Regierung sech positionéiert, fir zousätzlech Dose bestellen ze kënnen, déi an de Kontrakter vun der Kommissioun virgesi sinn.

Parallel hätt een och direkte Kontakt mat deene verschiddene pharmazeutesche Laboratoiren opgeholl. Dëse Saz entsprécht net onbedéngt deem, wat vum Premier an der Gesondheetsministesch bis ewell an de Pressekonferenzen erkläert gouf. Wat genee ënner „Kontakt“ ze verstoen ass, kann een aus der Äntwert net erausliesen. Uganks der Woch hat de Staatsminister nach betount, et géif een d'Schinn vun der Kommissioun suivéieren an net als Land a Part nach Vaccin kafen.

Alles an allem huet d'Kommissioun Kontrakter mat 6 verschiddene Laboen ofgeschloss fir 1,89 Milliarden Impfdosisse geliwwert ze kréien. Der Vaccin vun de Firme Biontech a Pfizer ass deen eenzegen, dee bis elo fir den europäesche Marché zougelooss ass. E Comité de pilotage géif op europäeschem Niveau all Woch kontrolléieren, ob de Liwwerungskalenner agehale gëtt. Duerch déi verschidde Kontrakter kéint een e kontinuéierleche Flux vu Vaccine garantéieren, sou d'Santé, déi ënnersträicht, datt derfir gesuergt ass, datt all Memberstaat genuch Impfdosisse kréie soll.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO