Betriber an Administratiounen, déi konnten, respektiv kënne fräiwëlleg - selwer - decidéieren. Laut Gesetz kann den Check och just an Deeler vun de Gebaier oder a verschiddene Servicer applizéiert ginn. De Prinzip ass jo, datt ee muss per QR-Code beleeën, datt een entweder erëm gesond vum Covid, negativ getest oder ganz geimpft ass. Net-zertifiéiert Schnelltester sinn net méi ugeholl, wat dozou gefouert huet, datt en Dënschdeg de Moie bei eenzelen Apdikten hei am Land Schlaange waren.
"Eis Leit waren déi ganzen Zäiten am Gaang. Mir wäerten déi nächst Deeg och nach weider Personal asetzen, déi just Schnelltester mat engem QR-Code maachen. D'Demande ass immens grouss. Vill méi grouss ewéi mir eis et virun 2 Deeg hätte kënne virstellen.", erkläert den Alain De Bourcy, de President vum Syndikat vun den Apdikter.
Nieft der Aarbecht ass et och d'Restauratioun, déi dës Demande dréckt. Fir bannena sinn zanter e Méindeg d'zertifiéiert Schnelltester obligatoresch, wann een net geimpft oder geheelt ass. Och wa fir vill Restaurateuren de CovidCheck näischt Neies méi ass.
"Mir hunn de CovidCheck schonn zanter 3 Wochen. Bis ewell hate mer nach keng Clienten, déi dëse refuséiert hunn. Verschiddener si souguer frou, datt mer e froen. Verschidde Leit rassuréiert en.", esou d'Stephanie Alesch, d'Responsabel vun enger Brasserie um Kierchbierg.
De grénge Krop huet een den Dënschdeg de Moien och zu Gaasperech gebraucht. Zanter en Dënschdeg leeft d‘Mesure beim Grossist fir elektrescht Material. Hei gëllt de CovidCheck an Etappen.
"Mir hunn decidéiert, lues eranzeklammen. Mir haten och Leit, déi si bis elo just eng éischte Kéier geimpft. Do muss jo nach eng zweet Dosis nokommen. Dofir hu mer eis decidéiert, datt déi éischt Woch d'Maske mussen ugehale ginn – virun allem an de Gäng.", erzielt de Laurent Saeul, den Administrateur Délégué.
Verschidde Büroe fonctionéieren zanter en Dënschdeg ouni Mask. Knapp 90% vum Personal ass geimpft. Mat deenen, déi et net sinn, gëtt intern diskutéiert.
"Huet eng Persoun kee valabele QR-Code gëtt dës fir deen Dag op der Aarbecht liberéiert. Den Ament gesäit et awer net esou aus, ewéi wa mer esou Fäll wäerten hunn. Et mierkt een och, datt déi Leit, déi net geimpft sinn, sech organiséiert hunn, fir Tester kënnen ze presentéieren.", esou nach de Laurent Saeul.
Wéi vill Betriber an Administratiounen de CovidCheck agefouert hunn, ass nach net genee gewosst. Vu Säite vun der Santé heescht et, et géing een am Moment nach d'Notifikatiounen erakréien a soubal et méiglech ass, Zuele matdeelen. E puer Beispiller awer schonn: Am Enseignement muss de QR-Code just bei Reuniounen tëscht Personal an der Schoul gewise ginn. Hei bei RTL ass, ausser an der Kantin, de CovidCheck net gefrot, dowéinst gëllen déi gewinnte Masken an Distanzreegelen. Änlech ass et bei der Post, do ass en och net generaliséiert. A Supermarchéë sollt en net agefouert ginn, well vill Public empfaange gëtt, trotzdeem gëllen déi aner Reegelen dann. Eng Rei Banken oder nach d'Luxair zum Beispill hate Wëlles, de CovidCheck anzeféieren a vill Betriber soten nach virun Deeg, se wieren net decidéiert.
Wéi de CovidCheck an de Betriber a Verwaltungen a Musek ëmgesat gëtt, dat krute mer e Méindeg am Wirtschaftsministère erkläert. De Ministère, deen 250 Leit zielt, ass am grousse groe Gebai um Boulevard Royal an der Stad an de Luc Wilmes ass do fir de CovidCheck responsabel. Hie sot, d'Leit mussen an der Haaptentrée hire CovidCheck de Sécherheetsleit weisen. "Mir hunn am Fong 2 Entréeën. Déi vum Parking gouf suppriméiert, esou datt d'Leit iwwert d'Trapenhaus zentraliséiert eropkommen, wou se da vum Sécherheetspersonal kontrolléiert ginn. Duerno geet et eran."
Dat goung den Dënschdeg de Moien och ouni gréisser Problemer oder Schlaangen iwwert d'Bün. An de Büroe gouf d'Maskeflicht an d'Distanzen opgehuewen. Fir Personal ouni valabele QR-Code ginn et 3 Optiounen, esou de Luc Wilmes.
"Wann et en Agent ass vun eis, muss dee säi Superieur informéieren, datt en den Accès an d'Gebai refuséiert krut. Deen Ament kann e Congé ufroen, e ka seng Iwwerstonnen ofbauen, respektiv wann dës Persoun fir déi Woch nach net hire ganzen Teletravail geholl huet, ka se dee froen."
D'Gewerkschaften (d'Aleba, den OGBL, den LCGB an d'CGFP) kritiséieren zanter Wochen de fakultative CovidCheck op der Schaff. Se sinn zwar net géint d'Impfung, mee an hiren Ae géing dat neit Drockmëttel vun der Regierung d'Gesellschaft weider deelen an et géinge sech ze vill juristesch Froe stellen iwwert d'Konsequenzen, déi Beschäftegter riskéieren, wa se de CovidCheck net erfëllen.
De CovidCheck an den Entreprisë misst déi fundamental Rechter vun all Salarié respektéieren, fuerdert Gewerkschaft vun de Banquieren, d'ALEBA, an engem Communiqué.