Dokteren Dentzer an Duschinger "Covidimpfung an der Schwangerschaft onbedenklech"

RTL Lëtzebuerg
Och no zwee Joer Pandemie ginn et nach ëmmer vill Falschinformatioune ronderëm d'Covidimpfung an der Schwangerschaft, respektiv wann ee wëll Kanner kréien.

Mä d’Experten si kloer:

D’Impfung ass grad wichteg an der Schwangerschaft a kann zu all Ament ouni Bedenken och beim Niere gemaach ginn. Dat hunn de Virolog vun der Santé Thomas Dentzer an de Fraendokter a President vun der Societéit vun de Gynekologen zu Lëtzebuerg Pit Duschinger an enger Froestonn op Facebook betount.

Antëscht hätt ee sou vill Donnéeë weltwäit gesammelt, datt een theoretesch souguer schonn am Ufank vun der Schwangerschaft géint de Covid geimpft kéint ginn. Den Dokter Duschinger huet erkläert, datt d’Consignen an den nächste Wochen wuel adaptéiert wäerte ginn an datt ee sech och schonn an den éischten 12 Wochen vun der Schwangerschaft impfe ka loossen. Reng technesch wier et och net méiglech, fir duerch eng Impfung onfruchtbar ze sinn, sou de Fraendokter. Dës Falschinformatioun ass besonnesch am Ufank vun der Impfcampagne ganz vill zirkuléiert a gëtt vu verschiddene Kreesser och haut nach verbreet.

Konterindicatioun fir d’Impfung wiere seelen an net anescht fir Schwangerer wéi am Rescht vun der Populatiounen.
Prinzipiell sollten awer grad Fraen, déi eng Risikoschwangerschaft hunn, sech impfen loossen, wa se beispillsweis Iwwergewiicht, Zocker oder méi wéi 35 Joer hunn.

Duerch d’Impfung kéint och den Neigebuerenen vun Ufank mat Antikierper versuergt ginn an esou virum Coronavirus geschützt ginn. Niewewierkungen op d’Puppelcher am Bauch hätt ee keng festgestallt.

An de leschte Méint wieren den Dokteren no och zu Lëtzebuerg Puppelcher 10-12 Wochen virum Gebuerts-Termäin op d’Welt komm, well d’Mamm e schwéiere Covidverlaf hat an d’Kand dowéinst hätt missen geholl ginn.

Covidinfektiounen hätten och zu méi schwéiere Gebuerte gefouert an et gouf och souguer Fäll, wou d’Mamm an de Puppelche gestuerwe sinn.

Äntwert op parlamentaresch Fro: Schwanger Fraen dierfen no den 3 éischte Méint geboostert ginn

Back to Top
CIM LOGO