Schwanger Fraen dierfen no den 3 éischte Méint geboostert ginn
© RTL Grafik (Archivbild)
D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu sech an enger urgenter parlamentarescher Fro un d'Gesondheetsministesch geriicht.
Schwanger Fraen dierfen no den dräi éischte Méint geboostert ginn, dat präziséiert d'Santésministesch op d'parlamentaresch Fro. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty haten zougedroe kritt, datt Schwangerer am Impfzenter déi drëtt Dosis refuséiert kruten. Si kënnen en neie Rendez-vous an engem Impfzenter oder bei engem Dokter huelen, fir sech geschwënn impfen ze loossen.
An enger éischter Phas hat sech de Conseil supérieur des maladies infectieuses fir eng Basisimpfung fir Schwangerer ausgeschwat. D'Fro vum Booster war den Ament nach guer net thematiséiert ginn. Dat géif wuel erklären, datt verschidden Dokteren am Impfzenter gezéckt hätten, fir eng drëtt Dosis wärend enger Schwangerschaft ze ginn.
Antëscht hätt sech den zoustännege Gremium kloer fir de Rappell fir Fraen, déi erwaarden, ausgeschwat, dat vum zweeten Trimester un. Eng deementspriechend Zousazinformatioun wier un d'Dokteren an d'Impfzenteren erausgaangen.