Wocheréckbléck vun der SantéCovidinfektioune liicht an der Baisse, eng weider Persoun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Santé an hirem Wochebilan mellt, sinn d'Coronazuelen an der Woch vum 13. bis 19. Februar ëm knapp 8 Prozent zeréckgaangen.
© RTL-Grafik

An der Fuesvakanz sinn d’Covidinfektiounen zu Lëtzebuerg ëm knapp 8% liicht zréckgaangen. D’Santé notéiert an hirer leschter Retrospektive 837 Fäll d’lescht Woch. Eng Persoun ass a Relatioun mat Covid gestuerwen. An de Spideeler bleift et a puncto Corona weider ganz roueg mat 11 Patienten op der normaler Statioun, déi positiv getest, goufen. Op der Intensivstatioun huet keen misse behandelt ginn.

PDF: Coronavirus - Retrospective vun der Woch

Back to Top
CIM LOGO