Bis 1978 gouf hei Eisenäerz ofgebaut. Am Summer vum selwechte Joer war Schluss. Eng 200 Leit hunn um Enn nach hei geschafft.
Zanter 30 Joer gëtt et elo d'ASBL Minièresbunn. Zil ass et, de Leit ze weisen, wéi fréier an de Galerië geschafft gouf. Vu Mee bis September kann een en Tour mam Zuch duerch d'Minn maachen. Eng 20 Benevollen hëllefen hei.
Eisenäerz gëtt kee méi ofgebaut, dofir goufe rezent Fläschen an d'Minn gefouert. Eng 14 Dausend Stéck. Et ass Cremant vun der Musel. Méi genee vu Schengen. Dëse gëtt hei bis Enn dës Joers stockéiert.
De Lien tëscht Schengen an dem Minett läit bei der Famill Collart. De Marc Collart war Direkter vun der Escher Minn an ass 1941 zu Schengen gestuerwen.
An der Minn ass eng gläichméisseg Temperatur, dëst iwwer dat ganzt Joer an dat spillt dem Cremant an d'Kaarten. Bei "Esch 2022" wollt een ugangs matmaachen. Leider gouf den Delai dofir verpasst.
D'Cuvée Gëlle Fra ass elo zanter e leschte Freideg zu Zowaasch an der Minn stockéiert. Am Dezember kënnt dës an d'Vente.