Patronat iwwert RegierungsëmbildungD'Demissioun vum Georges Mischo léisst d'Patronat relativ kal

Francois Aulner
D'Patronat léisst d'Demissioun vum Aarbechtsminister Georges Mischo, respektiv d'Designatioun vum Marc Spautz als säin Nofollger relativ kal.
© François Aulner / RTL

De President vun der Unioun vun den Entreprisen, de Michel Reckinger, stellt am RTL-Interview de Wiessel just fest a verweist op de Koalitiounsprogramm vun CSV an DP. Et hätt ee probéiert, mam Georges Mischo Theeme weiderzebréngen an et géing een elo dat selwecht maache mam Marc Spautz.

Dem President vun der UEL no wier de Koalitiounsprogramm vun CSV an DP “a verschiddene Punkte ganz kloer”. D’Aarbechtsrecht soll moderniséiert ginn am Accord mat de Sozialpartner. Wann et keen Accord gëtt, “da gëtt et net gemaach”, esou de Michel Reckinger. A sengen Ae géing de Marc Spautz net vill méi d’Interessie vun de Gewerkschafte kënne vertrieden, well deenen hir Fuerderungen net am Koalitiounsaccord stinn.

Op d’Remark, datt de Marc Spautz de soziale Fliger vun der CSV vertrëtt an hien als Patronatsvertrieder bei eis sot, hien hätt “gottsäidank” näischt mat deem ze dinn, huet de Michel Reckinger geäntwert: “de Message war, ech hunn näischt mat Parteipolitik ze dinn, mir si Vertrieder vu Betriber.”

Carlo Thelen: e klore Kapp behalen

Den Direkter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen, sot eis, et bräicht een elo eng stabil Regierung an e klore Kapp. Well et der Wirtschaft net gutt geet, misst ee kënnen iwwert d’Probleemer bei de Betriber schwätzen, och mat de Gewerkschaften. Et géing drëm goen, den Aarbechtsmaart ze moderniséieren, fir staark Betriber ze hunn an duerno kënnen ze verdeelen.

De Carlo Thelen seet, hie géing keng Persoun jugéieren, mee d’Aarbecht vun enger ganzer Ekipp: d’Regierung an d’Sozialpartner. Et misst een awer séier schaffen, well d’Zäit “géint eis” géing spillen.

Back to Top
CIM LOGO