
Hien hat sech an deene leschten zwee Joer e schaarfe Profil als Fraktiounschef vun der CSV erschafft. An enger éischter Reaktioun sot de Marc Spautz:
“De Fraktiounsposten, dat war en herrleche Job. Dat hei ass eng nei Erausfuerderung. Mee ech muss elo nach fir d’éischt ofwaarden, ob d’Parteigremien dat och esou gesinn an ob se déi Propos vum Premierminister ënnerstëtzen.”
Als Fraktiounschef war hien net ëmmer mat der Regierung a mam Premier Luc Frieden op enger Linn. Dee schéngt him awer net all ze vill hu misse fléiwen.
“Normalerweis, wann ee gefrot gëtt, ob ee wëll an d’Regierung kommen, stellt ee keng Konditiounen, mee et weess ee jo, wat fir eng Méiglechkeeten een huet an ee wat fir eng net. An ech sinn zouversiichtlech, dass et mer ka geléngen zesumme mat deenen anere Kolleegen an der Regierung de sozialen Dialog erëm hierzestellen.”
Hien ass zouversiichtlech, datt hie kéint ëmsetzen, wat am Koalitiounsaccord steet. Wat d’Gesetzesprojeten ugeet, déi säi Virgänger Georges Mischo an d’Chamber ginn huet, sot de Marc Spautz:
“Ech mengen déi dräi Projeten, déi elo fäerdeg sinn, ech huele jo un op déi der spekuléiert, dat ass déi vun der Sonndesaarbecht, dat ass dat vun der Heures d’ouverture an dat ass vun de Pensiounen. Dat soll d’nächst Woch gestëmmt ginn. An ech mengen och, déi d’nächst Woch wäerten an der Chamber gestëmmt ginn.”