OGBL an LCGB iwwer designéierten Aarbechtsminister SpautzFir d'Nora Back kënnt et net op d'Sympathie, mä op d'politesch Akten un

Michèle Sinner
De Marc Spautz wier an deene leschte Joren opgefall mat Positiounen, déi méi no un deene vun de Gewerkschafte gewiescht wieren. Dofir kéint een e bëssen Hoffnung hunn, datt mat him de Sozialdialog nees reaniméiert a besser lafe géing.
© François Aulner

“Mir erwaarden eis vill méi eng konstruktiv Approche”

Den LCGB President Patrick Dury erwaart sech, datt ee mam designéierten neien Aarbechtsminister Marc Spautz Léisunge fënnt, fir d’Leit, déi schaffen.

Wéi reagéiert de Patrick Dury op de Wiessel am Aarbechtsministère?
De President vum LCGB Patrick Dury an de Marc Spautz si fréier Aarbechtskolleegen.

Esou reagéiert de Gewerkschaftler op de Wiessel am Aarbechtsministère, nodeems de Georges Mischo demissionéiert huet. De President vum LCGB Patrick Dury an de Marc Spautz si fréier Aarbechtskolleegen: “De Marc Spautz war jorelaang mäi Chef als Generalsekretär am LCGB. Ech mengen hie kennt d’Gewerkschaftszeen gutt, hie kennt d’Patronen och gutt, hie kennt d’Matière vum Aarbechtsrecht och ganz gutt an ech menge mir erwaarden eis vun him vill méi eng konstruktiv Approche wéi déi, déi mer déi lescht Joren do erlieft hunn.”

LCGB-President Patrick Dury iwwer designéierten Aarbechtsminister Spautz

Et géif allerdéngs keen Automatismus fir d’Union syndicale, fir nees zréck un den Dësch vum Comité permanent du Travail et de l’emploi ze goen, esou de Patrick Dury. Zanter de Sozialronnen huelen d’Gewerkschaften do net méi un den Dräierronnen zesumme mat Regierung a Patronat Deel. Dofir missten als éischt eng Rei Konditiounen erfëllt sinn.

Trotzdeem gëtt et e gewëssen Erwaardungsdrock vis-à-vis vum Marc Spautz. De Patrick Dury zielt eng Rutsch Dossieren op: “Mat där neier Direktiv sinn d’Mindestléin hei am Land net héich genuch. Déi missten opgebessert ginn. An natierlech, mir erwaarden eis iwwert d’Aarbechtszäitorganisatioun, d’Mindestléin, d’Digitalisatioun, d’Intelligence artificielle, do erwaarde mir eis natierlech Diskussioune mat dësem Aarbechtsminister, wéi gesot, fir do Léisungen auszeschaffen. Et ass dréngend néideg, well mir hu ganz vill Zäit hei am Land verluer.

Patrick Dury iwwert déi nei Direktiv

Gëtt sech e Wiessel vun der Politik erwaart?
Et geet drëm e Kompromëss ze fannen.

Gewerkschafte reagéieren op Personalwiessel am Aarbechtsministère

D’Presidentin vum OGBL, d’Nora Back, seet d’Demissioun vum Georges Mischo wier mënschlech sécher eng schwiereg Situatioun. Mee si seet dobäi: “Mir kënnen net soen, dass mer déi Decisioun als falsch empfannen. Mir hate wierklech reell Schwieregkeete mat der Persoun vum Georges Mischo, dat ass ugaangen, scho virun de Walen, éierlech gesot, mat engem falsche Verständnis vun eisem Indexmechanismus, dat ass weidergaange mat Attacken op d’Gewerkschaften, et ass weidergaange mat Attacken um déifsten Niveau, op deem, wat eis am meeschte schützt, dat ass eist Aarbechtsrecht, dat ass do, fir de Salarié ze schützen. Jo, mir fannen déi Entscheedung eng richteg, mee frou, wéini si mir scho frou, mir si frou, wann elo Gesetzer gemaach ginn, déi am Sënn si vun de Leit, déi schaffen.”

D'Presidentin vum OGBL empfënnt d'Demissioun vum Georges Mischo net "als falsch"

De Marc Spautz wier an deene leschten zwee Joer opgefall mat Positiounen, déi méi no un deene vun de Gewerkschafte gewiescht wieren. Dofir kéint een e bëssen Hoffnung hunn, datt mat him de Sozialdialog nees reaniméiert a besser lafe géing. Fir d’Nora Back ass et awer keng Fro vu Sympathie, et géif ob seng politesch Akten ukommen. An als fréieren LCGB-Generalsekretär wier de Marc Spautz an dëser Regierung och net onbedéngt an enger einfacher Situatioun:

D’Nora Back zu der Demissioun vum Georges Mischo

“Ech denken, dass et eng schwiereg Positioun ass elo als fréiere Gewerkschaftler an deem aktuelle politesche Kontext a mat deem bestoende Koalitiounsprogramm, déi doten Aufgaben unzegoen, mat enger UEL, wéi Dir vun eis wësst, déi awer relativ hefteg am Moment un d’Saach erugeet an déi ganz radikal Positiounen huet an eisen Ae méi wéi se mat fréiere Regierungen hat, well se awer Réckewand huet, gëtt dat do warscheinlech keen einfache Match fir de Marc Spautz. D’UEL hat och a fréieren Interviewe gesot, si géif sech komplett distanzéiere vun deem sougenannte soziale Flillek vun der CSV. Dat heescht, do elo den Equiliber hierzestellen, dat wäert net esou einfach ginn. Mee ech setzen awer meng Hoffnungen och an d’Persoun vum Marc Spautz, fir déi Dossiere méi salariatsno a frëndlech unzegoen.”

Back to Top
CIM LOGO