
Deem Deelresultat no leet d’DP (32,9 Prozent) mat 2,8 Prozent liicht bäi. Zweetstäerkste Partei wieren deemno déi gréng mat 21,3 Prozent. D’CSV verléiert am Deelresultat ronn 15 Prozent a kënnt just nach op ronn 10 Prozent.
Déi aktuell Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass zefridde mat den éischte Resultater vun de Lëschte-Stëmmen, ma iwwert d’Endresultat kéint een nach näischt soen, well dëst nach zu all Moment ka changéieren.