Déi aktuell Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen huet eng fundamental Upassung vun de Schoulprogrammer, de Methoden an der Evaluatioun versprach, sollt hir Partei un d‘Rudder kommen.
Bei deene grousse Reformen missten d‘Leit um Terrain, virop d‘Léierpersonal, matschwätzen dierfen. Eppes wat ënnert dem Educatiounsminister Claude Meisch déi lescht Joren net méiglech gewiescht wär, ewéi d‘CSV him reprochéiert.
Am Kader vun enger Reform vum Sproochenunterrecht wéilten déi Chrëschtlech-Sozial de Reseau vun den Europaschoulen net weider ausbauen fir eng parallel Schoulwelt z‘evitéieren. D‘Europaschoulen sollen dofir evaluéiert ginn, a wat gutt fonctionéiert, géif an déi normal ëffentlech Schoulen integréiert ginn.
All Schülerin a Schüler soll déi selwecht Chancen hunn. Dat wär aktuell net de Fall, esou d‘Martine Hansen. Dofir missten der CSV no d‘Schoulen am Fondamental all d‘selwecht gutt equipéiert ginn. Et misst méi qualifizéiert Léierpersonal agestallt ginn. Net nei ass an deem Kontext och d‘Fuerderung vun der CSV de Beruff vum Enseignant méi attraktiv ze maachen. Zum Beispill andeems den administrativen Opwand fir d‘Léierpersonal reduzéiert géif ginn. Dofir bréicht all Grondschoul wéi am Secondaire och eng richteg Direktioun.
Souwuel am Fondamental wéi och an de Lycéeën missten d‘Schülerinnen a Schüler d‘Méiglechkeet hunn sech mat Technik, Informatik respektiv Natur auserneen ze setzen.
D‘CSV wëll da de Sektiounen am Secondaire Classique en Enn setzen. Amplaz missten d‘Haaptfächer an nach méi flexibel d‘Niewefächer individuell vum Schüler ausgewielt kënne ginn.