Steierdebatt an der ChamberCSV wëll Steiergerechtegkeet elo - fir d'DP gëtt et kee Sputt fir e grousse Worf

Claude Zeimetz
Diana Hoffmann
Pierre Jans
Kuerz virun der Summerpaus war en Donneschdeg de ganzen Dag grouss Steier-Orientatiounsdebatt an der Chamber.
Steierdebatt an der Chamber
Kuerz virun der Summerpaus war en Donneschdeg de ganzen Dag grouss Steier-Orientatiounsdebatt an der Chamber.

Steierdebatt an der Chamber / Reportage Diana Hoffmann

D’Debatt huet laang op sech waarde gelooss. Nodeems der Regierung hir annoncéiert Steierreform Pandemie-bedéngt ausgesat gouf, huet sech d’Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber déi lescht Méint mat den zoustännege Verwaltungen, der OECD an enger Abberzuel Acteure vum Terrain iwwert d’Moderniséierung an d’Erausfuerderunge vum Lëtzebuerger Steiersystem ausgetosch. Dem Co-Rapporter André Bauler vun der DP no hätt een d’Diskussioun awer net schleefe gelooss. Et wier ee vill méi gewëssenhaft un d’Thematik erugaangen.

DP: Kee Sputt fir de grousse Worf an der Steierpolitik

Am Numm vu senger Partei huet de liberale Politiker nach emol insistéiert, datt et den Ament bei de Staatsfinanze kee Sputt fir e grousse Worf an der Steierpolitik géif ginn. Den André Bauler huet och opgezielt, wat Blo-Rout-Gréng an de leschte Jore scho gemaach hätten, fir méi sozial Gerechtegkeet. Vun ënnert anerem de gratis Sachleeschtunge fir d’Kanner, bis hin zu de Mesurë vum Energiedësch. D’DP ass géint eng Ierfschaftssteier an direkter Linn, géint eng Hausse vum Spëtzesteiersaz fir Privatleit a géint Steierhaussen a Krisenzäiten allgemeng, sou den André Bauler. An och eng Verméigenssteier fir Privatleit wier fir d’DP Tabu. Bei de konkreeten Entlaaschtungen ass d’Demokratesch Partei méi vage bliwwen. Viraussetzunge fir Adaptatioune missten zolidd Staatsfinanze sinn. Och fir d’Steiertabell un d’Inflatioun unzepassen.

Extrait André Bauler

D’DP géif awer mat sech schwätze loossen, besonnesch iwwert Entlaaschtunge fir Elengerzéier an iwwer kuerzfristeg Ännerunge beim sougenannten “Amortissement acceléré” op Wunnengen, déi verlount ginn. Mëttelfristeg bleift d’Individualiséierung vun der Besteierung Zil vun der DP.

CSV: Steiergerechtegkeet elo!

Den CSV-Co-Rapporter Gilles Roth huet am Numm vu senger Partei a mat konkrete Propose gefuerdert “schaffe misst sech lounen”. Duerfir sollt ënnert anerem de Spëtzesteiersaz an d’Luucht goen. Den net-qualifizéierte Mindestloun sollt dogéint ganz steierfräi ginn.

Extrait Gilles Roth

Am Logement sollten net nëmmen d’Plaffonge vun de Scholdzënse verduebelt an de Steierkredit fir de bëllegen Akt an d’Luucht gesat ginn, mä och de reduzéierten Taux op der Plus-value no enger Vente réischt no fënnef Joer spillen. Haut kritt een deen, wann ee schonn no zwee Joer verkeeft. D’CSV ass antëscht och derfir e Plaffong vum sougenannten “Amortissement accéléré” anzeféieren. D’CSV ass awer dogéint, d’Verméigenssteier fir Privatleit nees anzeféieren. An och dem Frank Engel seng Iddi fir eng Ierfschaftssteier an direkter Linn gëtt vun der Partei kategoresch ofgeleent.

PDF: Schreiwes vun der CSV

LSAP: Famillje mat Kanner steierlech entlaaschten!

Eng Upassung vun der Steiertabell un den Index géing virun allem deenen hëllefen, déi vill hunn, seet den LSAP-Deputéierten Dan Kersch. Un der Progressivitéit vun der Steiertabell soll awer geschafft ginn, andeems de Spëtzesteiersaz soll erop gesat ginn.

Famillje mat Kanner sollen da besser ënnerstëtzt ginn, dat duerch d’Aféierung vun engem Kanner-Steierkredit, an e Crédit d’impôt fir Monoparentallen. Doriwwer eraus sollen och Beruffsufänger wärend fënnef Joer kënne vun engem Steierkredit profitéieren, wa se gewësse Konditiounen erfëllen.

Eng weider Fuerderung vun de Sozialisten ass dann erëm d’Aféiere vun der Verméigenssteier. En héije Fräibetrag soll awer steierfräi bleiwen.

E weidere Sujet vun der LSAP war dann och eng zäitlech begrenzt Aféierung vun enger Steier fir d’Betriber, déi duerch d’Kris méi Geld verdéngt hunn.

Déi Gréng: Upassung vu Steiertabell ass selektiv méiglech

De François Benoy vun Déi Gréng mierkt un, datt d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun awer keng Optioun wier, wëll et finanziell net ze maachen wier. Grondsätzlech wéilt ee sech awer net enger selektiver Upassung verschléissen. De Spëtzesteiersaz soll dann ugepasst ginn.

Och Déi Gréng soen, datt Monoparentalle mussen duerch e Steierkredit weider gehollef kréien.

PDF: Schreiwes vun déi Gréng

ADR: “Mir si géint all Steier”

D’ADR ass dann der Meenung, datt de Staat sech an ze vill Saache géing amëschen, déi en näischt géingen ugoen. Aarbecht a Leeschtung géingen hei am Land vill ze héich besteiert ginn, seet den ADR-Deputéierte Roy Reding. Besonnesch bei den Independanten.

D’Fuerderung vun der ADR ass, datt de Mindestloun vun de Steiere befreit gëtt. Doriwwer eraus gëtt eng Indexéierung vun der Steiertabell gefuerdert an Elengerzéiend sollen, an d’Steierklass 2 ëmklasséiert ginn. Ierfschaftssteiere sollen da bis an de 4. Grad ofgeschaaft ginn. “Mir si géint all Steier”, sou de Roy Reding wärend sengem Discours.

Déi Lénk: Progressiv Grondsteier ass néideg

D’Räichesteier fir Privatpersoune soll nees agefouert ginn, seet Déi Lénk-Deputéiert Nathalie Oberweis. Doriwwer eraus soll de Revenue aus Aarbecht a Kapital t’selwecht besteiert ginn, de Barème an de Spëtzesteiersaz sollen erhéicht ginn.

D’Steiermesurë beim Logement wieren den Ament dacks kontraproduktiv. Dofir fuerderen déi Lenk, datt Immobilië mussen als Investitiouns- a Spekulatiounsobjet onattraktiv gemaach ginn. Dofir soll eng progressiv Grondsteier agefouert ginn.

D’Ëmweltsteiere wieren hei am Land dann am Verglach zum Ausland immens niddereg, seet d’Nathalie Oberweis. Ma et misst ee beim Aféiere vun esou Steieren och de sozialen Impakt an d’Lenkungswierkung kontrolléieren. De Verursaacher soll hei bezuelen.

PDF: Schreiwes Déi Lénk

Piraten: Et soll just nach eng eenzeg Steierklass ginn

Den aktuelle Steiersystem wier fir eng Majoritéit vun de Leit net gerecht, seet de Piraten-Deputéierte Sven Clement. D’Pirate fuerderen eng eenzeg Steierklass, soudatt jidderee géing t’selwecht behandelt ginn. Et bräicht een dann och e vereinfacht Steiergesetz, wou et keng Ausname ginn.

D’Pirate sinn dofir, datt de Mindestloun soll steierfräi ginn. Vu steierleche Virdeeler solle kléng a mëttel Betriber sou wéi d’Start-ups profitéiere kënnen an net déi grouss Betriber, wéi dat den Ament de Fall wier.

Back to Top
CIM LOGO