
25 vun 31 Wandrieder vun der Lëtzebuerger Entreprise SOLER sinn de 24. Februar Affer vun enger Cyberattack ginn. D’Wandrieder dréinen nach ëmmer, kënnen awer net aus der Distanz gesteiert ginn.
Et ass am Fong e Satellit, deen duerch d’Cyberattack Brooch geluecht gouf, an dee Satellit huet ënnert anerem d’Wandrieder vum däitschen Energieproduzent Enercon gestéiert. SOLER, d’Lëtzebuerger Societéit vun erneierbaren Energien, bedreift Anlage vun deem Produzent hei am Land. Déi 25, déi mat där Satellittesteierung equipéiert waren, hunn dee Kontakt elo verluer Si dréinen awer nach ëmmer weider, erkläert den Direkter Paul Zeimet:
“Déi Anlage lafen am Fong automatesch a si komplett autonom, sou datt mer keen Impakt hunn op d’Bedreiwe vun den Anlagen.”
Op d’Fonctionnement u sech hat d’Attack also keen Impakt, mä:
“D’Kommunikatioun mat der Anlag ass gestéiert, dat heescht de Modem vum Hiersteller ass erof gespillt a muss elo nei configuréiert ginn, fir datt een erëm vu baussen Zougang op d’Anlagen huet.”
Doduerch missten dann elo Kontrolle sur place gemaach ginn erkläert de Paul Zeimet:
“Enercon si mat hiren Ekippe verstäerkt ënnerwee, mee och eis Ekippen halen en Aen drop, fir ze kucken, wat vläicht de Problem war.”
De Paul Zeimet schwätzt vun enger neier Situatioun, eppes wat een esou nach net erlieft hätt. Et wéisst een och nach net wéi laang et dauere géif bis een erëm d’Kontroll à Distance hätt. Fir d’Zukunft géif ee kucke fir vläicht iwwert d’Handynetz Zougrëff op d’Anlagen ze kréien.
Mat dëser Situatioun ass eng Simulatioun zur Realitéit ginn, dat konnten de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister an de franséische Generol Guillaume Bourdeloux leschte Freideg zu Toulouse confirméieren. Den Zenerio AsterX, dee laang geplangt war an am Joer 2021 als Simulatioun duerchgefouert gouf, ass mat enger Cyberattack Realitéit ginn.