Uechtert d'LandCyclist a Foussgänger an der Mëttesstonn ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 12.20 koum et um Lampertsbierg an der Rue Willmar zu engem Verkéiersongléck. E Vëlosfuerer gouf dobäi vun engem Auto ugestouss a blesséiert.
© Pixabay

Am Asaz waren d'Stater Pompjeeën.

Ëm déi selwecht Zäit krut e Gefier e Foussgänger zu Déifferdeng an der Rue Kennedy ze paken. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng.

Um CR128 tëscht Beefort an Haler sinn 2 Autoen géint 14:40 net laanschtenee komm. De Bilan sinn hei 2 Blesséierter. Sur place waren d'Beeforter Pompjeeën an d'Ambulanz vu Jonglënster an aus der Fiels.

E weideren Accident gouf et e Méindeg de Mëtteg um CR303 tëscht Kolpech an Uewerpallen. Dobäi gouf 1 verwonnt. D'Pompjeeë vun Ell an d'Ambulanz vu Réiden waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO