
Kuerz virun 11 Auer en Donneschdeg war an der Boxepull zu Stengefort e Cyclist mat engem Bagger zesummegestouss a gouf wuel esou uerg blesséiert, datt d’Persoun mam Helikopter vun der Air Rescue huet missen an d’Spidol bruecht ginn. Donieft waren d’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Stengefort op der Plaz.
Weider mellt den 112 dräi Kollisiounen en Donneschdeg de Moie mat 4 Blesséierten. Am Neiduerf koume kuerz virun 8 Auer zwee Autoen net laanschteneen, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Jeeweils ee Blesséierte gouf et da géint 8.25 Auer zu Stroossen an der Areler Strooss a kuerz no 9 Auer op der A6 a Richtung Arel op der Héicht vun der Sortie Briddel.
Op der A3 a Richtung Frankräich gouf et e Mëttwoch den Owend géint 19.23 Auer an der Géigend vun der Grenz nieft vill Blech-Schued och ee Blesséierten, ëm dee sech de Samus-Noutdokter gekëmmert huet. Nieft dem Samu waren och nach Secouriste vun Diddeleng, Keel a Beetebuerg am Asaz.