Samu op der PlazCyclist zu Steeën ugestouss, et besteet Liewensgefor

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.50 Auer en Dënschdeg den Owend gouf zu Steeën e Cyclist ugestouss a blesséiert.

Wéi de CGDIS mellt, waren d’Ambulanz aus der Nordstad an de Samu vun Ettelbréck op der Plaz. E Mëttwoch huet d’Police weider Infoe matgedeelt. De Cyclist gouf beim Accident liewensgeféierlech blesséiert.

Wéi et am Police Bulletin heescht, ass de Cyclist aus engem Bësch eraus op d’Strooss gefuer a gouf dobäi säitlech vun engem Auto erwëscht. De Cyclist gouf duerch den Opprall e puer Meter duerch d’Loft geschleidert. Hie gouf mam Helikopter an d’Spidol geflunn.

Scho géint 16.50 Auer hate sech zu Gréiwemaacher 2 Autoen ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vu Mäertert war hei am Asaz.

2 Blesséierter gouf et dann, wéi um 17.12 Auer 2 Autoen an der Keiwelbaach aneneegerannt waren. D’Ambulanzen aus der Fiels an aus der Nordstad waren hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO