Accident tëscht E-Vëlo an E-TrottinettCyclist zu Uewerfeelen liewensgeféierlech blesséiert

Samantha Weber
D'Police mellt en Accident zu Uewerfeelen vun e Méindeg, bei deem eng Persoun liewensgeféierlech blesséiert gouf an d'Spidol koum.
© FRANKHOERMANN/SVEN SIMON/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi d'Police schreift, war et e Méindeg zu engem uergen Accident op der Route d'Arlon zu Uewerfeelen a Richtung Mäerzeg komm. En elektresche Vëlo an eng elektresch Trottinett waren deemno an déi selwecht Richtung ënnerwee, wéi d'E-Trottinett op der Héicht vun der Kräizung vun der Rue de Merscheid lénks nieft de Cyclist gefuer ass. Wéi dësen och lénks ofbéie wollt, ass de Cyclist gefall a gouf dobäi liewensgeféierlech blesséiert. De Vëlosfuerer gouf op der Plaz medezinesch versuergt a koum an e Spidol.

Op Uerder vum Parquet goufen den E-Vëlo an d'E-Trottinett séchergestallt. Déi genee Ëmstänn vum Accident ginn nach ermëttelt.

D'Police warnt awer an hirer Meldung, datt E-Trottinetten, déi technesch verännert goufen, grouss Riske mat sech bréngen, besonnesch wann d'Gefierer däitlech méi séier fuere kënne wéi gesetzlech virgeschriwwen. D'Police erënnert deemno drun, nëmmen E-Scooter, déi de Gesetzer entspriechen, ze benotzen.

Ouni Permis, Assurance an Umeldung ënnerwee

Donieft mellt d'Police nach en Automobilist, deen ouni gültege Fürerschäi mat engem Moto ënnerwee. Eng Patrull konnt de Mann mat sengem Motorrad an der Strooss "Bei der Kazebaach" zu Monnerech untreffen. Bei der Kontroll ass opgefall, datt de Mann kee Permis a keng Versécherung hat an de Moto net ugemellt war. Och dëst Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO