
Dat huet d’Partei, déi nach mat 3 Deputéiert an der Chamber vertrueden ass, e Mëttwoch den Owend virun engen 200 Memberen op der Schéiss ënnerstrach.
D’ADR kuckt zouversiichtlech op den 8. Oktober, well se der Meenung ass, datt si déi beschte Lëschten, déi beschte Kandidaten an dee beschte Programm huet, dee se jee hat.
D’Partei seet, si stéing fir eng Politik, déi d’Souveränitéit vum Land garantéiert, déi d’Sécherheet an d’Fräiheet vun de Bierger op déi iewescht Plaz setzt, eng Politik fir e Lëtzebuerg mat Gebuergenheet an ouni Verbuetshysterie.
D’Partei wëll sech an deenen nächsten 3 Wochen offensiv, dynamesch a selbstbewosst weisen. Beim Fernand Kartheiser kléngt dat zum Beispill esou:
“Als ADR si mir dacks méi sozial wéi d’Sozialisten, méi ëmweltfrëndlech wéi déi Gréng, méi liberal wéi d’DP a méi realistesch wéi d’CSV, awer wa mer éierlech sinn, kënne mir mat enger Partei net mathalen an dat sinn d’Piraten, well mir maache keng opportunistesch Politik a mir sinn héiflech an dofir kënne mer net géint si untrieden.”
Untriede wëll d’ADR awer fir eng - wéi si seet - Gambia-Regierung z’ersetzen, déi vill ze laang do wier a vill ze vill falsch gemaach hätt. De Fred Keup huet sech souguer schonn iwwerluecht, wat hien a seng Partei géife maachen, wann hie géif Premier ginn.
“Éischten Dag: Kampf géint d’Kriminalitéit, einfache Punkt, do kënnt ee ganz liicht ufänken (...) Zweeten Dag: d’Famill (...) Drëtten Dag: ganz einfach Geschicht, d’Lëtzebuerger Sprooch. Kascht net deier, muss net vill gemaach ginn. Mir ënnerstëtzen d’Lëtzebuerger Sprooch, ganz einfach.”
De véierten Dag géif de Fred Keup e Referendum iwwert de Wuesstem maachen, de fënneften Dag géif hien d’Fräiheet an de Vierdergrond stellen a Verbueter ofschafen.
“Sechsten Dag: D’Bensinnspräisser, d’Energiepräisser, déi setze mer erof. Et ass op eise Plakater iwwerall. Et ass ganz einfach. Den Här Bausch huet gesot: Wéi wëllt der dat da maachen?’ Mä et ass ganz einfach dat ze maachen. Et setzt een einfach d’Accisen erof an d’Steieren erof.”
An da bleift nach dee leschten Dag vun der Woch.
“De siwenten Dag do raschte mer. Nee, mir raschten och de siwenten Dag net, mä mir denken no iwwert d’Raschten, mir denken no iwwert de Feierdag.”
D’ADR fuerdert, datt den nationale Commemoratiounsdag den 10. Oktober en offizielle Feierdag gëtt.
Dat sinn also déi éischt Akzenter, déi de Fred Keup a seng Partei géife setzen, fir datt et dem Land erëm géif besser goen, well et géif him sou schlecht goen, wéi scho ganz laang net méi.
“An dat, well mer eng ganz ganz schlecht Regierung hunn, déi schlechtst zënter dem zweete Weltkrich. Dee schlechtste Premierminister, dee schlechtsten Ausseminister, Educatiounsminister brauche mer net driwwer ze schwätzen, well dat ganzt Land ass sech eens, Landwirtschaftsminister etc. etc. etc. Et gëtt vläicht heiansdo bei deem engen oder aneren e Liichtbléck, mä et ass ganz rare.”
Also recommandéiert d’ADR Blo, Rout, Gréng net ze wielen, vun deenen neie Parteien an der CSV soll een awer och d’Fanger ewechloossen. Deene Chrëschtlech Sozialen reprochéiert den ADR-Spëtzekandidat, datt si sech a Richtung Gambia beweegt hunn an datt et net ëm Inhalter, mä ëm Muecht geet.
Reprochë goufen et um ADR-Walkongress awer net just vis-à-vis vum politesche Géigner, mä och vis -à-vis vun der Presse.
“E Journalist, deen eppes am Januar oder wéini och ëmmer, weess an e bréngt dat 10 Deeg virun de Walen, mécht et net fir z’informéieren, dee mécht et, fir d’Walen ze manipuléieren a sengem politesche Sënn oder am politesche Sënn vun enger anerer Persoun, déi ëm dat ugeuerdent huet. Datt mer ganz kloer an däitlech sinn, a wann dat de Fall wäert sinn, da wësst der et direkt, dann erkennt der et ganz genee dorun, wéini en et bréngt a wéini en et net bréngt.”
Dat huet den ADR-President an nationale Spëtzekandidat Fred Keup e Mëttwoch den Owend, 18 Deeg virun de Walen, behaapt.
Am August huet de franséischen Inneministère annoncéiert, datt déi rietsextrem franséisch Partei Civitas wéinst Antisemitismus soll opgeléist ginn. RTL huet dës Woch Recherchen iwwer Kontakter tëschent ADR a Civitas verëffentlecht. An der Suite dovunner ass d’Vizepresidentin vun ADR International, där selwer Antisemitismus reprochéiert gëtt, aus der Partei ausgetrueden.