Wat huet d'ADR mat der rietsextremer Civitas ze dinn? Dës Fro huet an de leschte Méint eng gewësse Brisanz kritt.

Civitas ass eng kathoulesch-fundamentalistesch Partei a Frankräich, déi soll opgeléist ginn, wéinst Antisemitismus.
Dorausser ergëtt sech folgend Fro: Huet d’ADR 2 Gesiichter: Konservativ hei am Land a méi radikal, méiglecherweis esou guer rietsradikal am Ausland?

Wat huet d'ADR mat Civitas ze dinn? / Rep. Fanny Kinsch

Am Januar dëst Joer huet ADR International op eng Konferenz mam franséische Medezinner Christian Perrone invitéiert. Dësen ass bekannt duerch ëmstridden Aussoen am Zesummenhang mat der Covid-Pandemie. Hien hätt keng klassesch rietsradikal Wuerzelen, esou d'Politologin an Expertin vu rietsradikalen a rietsextreme Beweegungen an Europa Léonie de Jonge.
 
“Wat awer interessant ass, ass datt ee säit Corona ëmmer méi Iwwerschneidunge gesäit tëschent deene verschiddene Beweegungen. Wou vläicht fréier de rietsextremistesche Milieu ganz kloer ofgegrenzt war, gesäit een, datt säit Corona virun allem ëmmer méi sou Iwwerfloss a Mëschunge gëtt vu verschiddenen Zorte vun Extremismus, awer och vu Skepsis, Impfskepsis, dat vermëscht sech ëmmer méi.”
 
Um Dësch beim Christian Perrone sëtzt ënnert anerem de Civitas-President Alain Escada. Eng relativ bekannt Persoun aus dem rietsextreme Milieu, esou d'Léonie de Jonge.

"Ier hien a Frankräich gaangen ass, war hien aktiv bei verschiddene radikalen an extreem rietsen Organisatiounen an der Belsch, zum Beispill war hie Member vum Front nouveau de belgique, dat ass eng Ofsplitterung vum Front national Belge. Do gouf et awer ëmmer erëm Konflikter an dunn ass en eben a Frankräich gaangen an huet do déi Schlësselroll bei Civitas iwwerholl. An dat ass eben eng ultrakonservativ kathoulesch Organisatioun, déi elo vum franséischen Inneminister verbuede gouf.” Dat nodeems e Spriecher op enger sougenannter Summeruniversitéit vu Civitas suggeréiert huet, datt jiddesch Fransouse keng Staatsbiergerschaft sollten hunn.

Civitas gëtt et zanter 1999 an huet sech ënnert der Leedung vum Alain Escada zu enger Partei entwéckelt.
 
“Säit 2016 ass Civitas als Partei enregistréiert a Frankräich an huet och bei de Presidentschaftswalen de Kandidat Eric Zemmour ënnerstëtzt an dat ass zum Beispill een, dee sech géint d'Legaliséierung vu gläichgeschlechte Bestietnes agesat huet, ass géint Awanderung, also kloer um radikal, bezéiungsweis extreem rietse Bord aktiv.”

Op der Konferenz mam Christian Perrone moderéiert de Fernand Kartheiser.

RTL

Den ADR-Deputéierte seet haut, hie géing d’Partei Civitas net kennen an hien hätt och deen Owend net gewosst, wien den Alain Escada wier.
 
“Ech stoung do, an ech weess net, wien déi Persoune war, déi den Här Perrone matbruecht huet an déi sech niewent hie gesat hunn, seng Frënn, Bekannten, ech kennen déi Leit net, an ech wollt och net Polizist spillen a froen, wien en do niewent sech sëtzen huet, dat ass net meng Aufgab.”

Der Ausso, hien hätt bis elo nach ni vu Civitas héieren, widdersprécht de Weibëschof a Generalvikar Léon Wagener, deen RTL géintiwwer sot, datt hien de Fernand Kartheiser iwwer dës Partei informéiert hätt.

Méi kloer gëtt et mat dëser Ausso vum Fernand Kartheiser:
“Den Här Weibëschof huet vun enger Sekt geschwat, déi Civitas géing heeschen. Wou Dir mech gefrot hutt, ob ech eng Partei kennen, déi Civitas heescht, wousst ech dovunner natierlech näischt, ech hu mech natierlech gefrot ob dat eventuell kéinten déi selwecht sinn, mee mir haten e Gespréich iwwer reliéis Sekten an Dir hutt vun enger politescher Partei geschwat. An ech hunn natierlech deen Abléck geduecht, ob dat eventuell kéint d’selwecht sinn, mee vue datt Dir vun enger Partei geschwat hutt, hunn ech dann ebe gesot, datt ech déi net kennen, wat och stëmmt.”

Eng Konferenz mat Suitten

D'Konferenz gouf zu deem Zäitpunkt ëffentlech net weider kommentéiert. De Reliounshistoriker Dr Mike Richartz, Geschichtsproff, deen zanter 2 Joer op der Uni Lëtzebuerg schafft, huet sech awer dorun erënnert, wéi hien héieren huet, datt Civitas a Frankräich soll opgeléist ginn. Hien huet doropshi weider recherchéiert an eng Rei ëffentlech zougänglech Videoe fonnt, déi och vun dëser Redaktioun consultéiert goufen.

Civitas / Rep. Fanny Kinsch

Den Alain Escada gouf eegenen Aussoen no vun der Anne-Marie Yim invitéiert, Vizepresidentin vun ADR International. E puer Méint virdrun, am November 2022, huet d'ADR-Member och op engem Evenement vu Civitas geschwat. Den Internetsite Conspiracy Watch vun der franséischer Associatioun "Observatoire du conspirationnisme" zitéiert déi Interventioun als weidert Beispill vun Antisemitismus bei Civitas. Dat wéinst Aussoen zu der sanitärer Kris. De Mike Richartz:
 
“Si seet, datt d'Covid-Epidemie vun de Judde geplangt wier, andeems se sech op d'"Protokolle der Weisen von Zion" also eng ganz, ganz schlëmmt Pamphlet, antisemittescht Pamphlet vum Ufank vum 20. Joerhonnert berifft, wat zum Beispill och den Adolf Hitler geholt hott, fir den Antisemitismus a sengem "Mein Kampf" ze definéieren.”
 
Der ADR-Member hir Interventioun war net mat der Partei ofgeschwat an d’Partei hätt och näischt dovu gewosst, esou de Fernand Kartheiser.
 
“Mir hunn eng ganz stolz Traditioun vun der ADR an der Chamber, an eiser Politik allgemeng, dat ass, datt mir déi Partei sinn, déi am decidéiertste géint den Antisemitismus virgeet, mir sinn och déi Partei, déi traditionell Israel verdeedegt, wann et ugegraff gëtt, sou wäit dat nëmmen iergendwéi geet, natierlech wann et ëm Mënscherechtsverletzunge geet, muss een déi natierlech och kënne kritiséieren, a mir hunn eis ëmmer solidaresch gewise mam Staat Israel.”

Et géing een dëse Fall elo ënnersichen, esou de Fernand Kartheiser, hie wéilt kengen Decisioune virgräifen, ma Antisemitismus géing bei der ADR net toleréiert ginn.

Nei Entwécklung: Partei-Austrëtt vum Anne-Marie Yim

Nodeems d’Aussoe vun der Anne-Marie Yim um Méinde Moien op RTL thematiséiert goufen, sot de Fernand Kartheiser Méindes ze Mëtteg, datt d’Anne-Marie Yim him am Laf vum Dag annoncéiert hätt, aus der Partei auszetrieden.  “D’Madamm Yim huet mir haut gesot, datt si aus der ADR demissionéiert, jo, dat huet si mer haut mëndlech gesot, an dat ass elo mäi leschte Wëssensstand.”

Wat wier soss d'Decisioun vun der Partei gewiescht oder ass dat elo hifälleg?

“Dat ass elo hifälleg an deem Sënn, well d'Madamm Yim vu sech aus decidéiert huet aus der Partei auszetrieden, wat natierlech hir Recht ass an domadder brauche mir elo intern natierlech keng Prozeduren anzeleeden oder Enquêten ze maachen, well d’Madamm Yim net méi Member an der Adr ass.”

Wat seet dëse Fall iwwert d'ADR aus?

Fir d'Politologin Léonie de Jonge sinn d'Aussoe vun der Anne-Marie Yim net als Eenzelfall ze betruechten.

“Mir hunn dat ëfters gesinn, souwuel an der Vergaangenheet, awer och ganz rezent, datt Membere vun der Partei Aussproche maachen, déi wierklech an den extreem riets Eck ginn, placéiert musse ginn. Wat seet dat iwwer den ADR? Ech mengen op alle Fall iwwert den ADR seet dat, datt et eng Partei ass, déi a Beweegung ass, déi an de leschte Joren ëmmer méi no riets geréckelt ass."
 
Déi Beweegung géing ee gesinn zanter d'ADR mam Wee2050 fusionéiert wier, donieft wiere méi moderat Politiker vun der Partei fort gaangen. D'Léonie de Jonge schwätzt vun 2 Niveauen op deenen d'ADR Politik mécht. Op nationalem Niveau géing d'Partei sech méi moderat positionéieren, géing awer international Uschloss bei Parteien um baussente rietse Bord sichen.

“D'ADR sicht deen Uschloss och op aneren Niveauen, also mir wëssen, datt zum Beispill de President vun der Jugendorganisatioun vun der ADR, vun ADRrenalin am Mee och schonn op der Transatlantic Patriot Summit war zu Budapest. Do war hie mat Vertrieder vu Jugendorgaorganisatioune vu wierklech klassesch radikale rietsextreme Parteien, do war zum Beisill FPÖ, Vlaams Belang, Chega aus Portugal, Fidesz aus Ungarn do."
 
De Fernand Kartheiser seet sengersäits, d'ADR hätt keng Kontakter zu Parteien aus dem Grupp "ID" am Europaparlament, zu deem d'FPÖ a Vlaams Belang, an och d'AfD an de Rassemblement National gehéieren.

"Mir si Member vun den europäesche Konservativen ECR, zu deene Parteien hu mer selbstverständlech, op Kongresser an esou weider, hu mer natierlech Kontakter an deene Parteien, déi do vertruede sinn. Wann aner Parteie froen, fir mat eis ze schwätzen, soe mer meeschtens jo, well mer natierlech drun interesséiert sinn, fir Lëtzebuerger Interessien och géintiwwer auslännesche Parteien duerzestellen a Lëtzebuerger Interessien ze verdeedegen, dat maache mer och. Dat ass net dacks de Fall, datt aner Parteien un eis eruntrieden fir dat ze maachen, mä wa se froen, da mat e puer Ausnamen hu mer da gewéinlech jo gesot."

Wou steet d'ADR als Partei?

Den Historiker Mike Richartz schätzt d'ADR als rietsextrem an.
 
"Et ass fir mech ganz kloer als Konklusioun vun dëser ganzer Affär, datt éischtens d'ADR eng rechtsextremistesch, geséchert rechtsextremistesch an neofaschistesch Partei ass, déi en plus elo nach am Verdacht steet vum Antisemitismus, an zweetens, datt, an dat gesäit ee mat alleguerten deene villen Eenzelfäll, déi mer mëttlerweil hunn bei der ADR, datt déi Ausso vum Fred Keup, déi hien am Zesummenhang mam nationalsozialisteschen Optriede vun engem ADR-Kandidat am Osten gemeet huet, datt déi Ausso, nämlech datt d'ADR näischt mat Rechtsextremismus ze dinn hätt, dass dat eng glat Ligen ass."
 
Fir d'Politologin Léonie de Jonge ass d'ADR eng Partei, déi als rietsradikal, awer net rietsextrem anzeuerdnen ass.
 
"Déi natierlech net d’Demokratie a Fro stellt, déi net oprifft zur Gewalt, also net eng extrem riets Partei, mee awer eng Partei, déi och international ëmmer méi Uschlëss sicht bei anere radikal rietse Parteien a wou radikal riets Ideologien, also de Konservatismus, den Nationalismus, och Spuere vun Autoritarismus, di sinn op alle Fall do, also déi Kär-Ideologien, déi gesäit en op alle Fall bei der ADR.”
 
D’Zäitschrëft Forum iwwerdeems beschreift d’ADR als rietsextrem Partei a rifft zu engem sougenannte “Cordon sanitaire” op. De Fernand Kartheiser ass mat deenen Aschätzungen net averstanen.
 
“Mir si ganz sécher net rietsradikal oder rietsextreem, mir sinn eng konservativ a sozial engagéiert Partei, dat kann ee soen, eng konservativ Partei, mir sinn also riets vun der Mëtt vum politesche Spektrum als eenzeg géing ech soe gréisser Lëtzebuerger Partei si mer eng, déi an der rietser Mëtt ass, awer ganz moderat och am internationale Vergläich vun deene konservative Parteien, gehéiere mer sécher zu engem ganz moderate Spektrum vun de konservative Parteien op europäeschem Niveau.”
 
A sengen Aen hätt d’ADR hir Positioun an de leschte Jore méi kloer gestallt.

Den däitschen Zentrum fir politesch Bildung huet folgend Definitioun fir Rietsextremismus, op déi och de Lëtzebuerger ZpB verweist:

"R. bezeichnet eine politische Einstellung, die sich gegen die Ordnung des demokratischen Verfassungsstaates stellt und gesellschaftliche Vielfalt sowie freie Wirtschaftssysteme fundamental ablehnt. Charakteristisch für den R. ist die Aufspaltung in Gruppen und Untergruppen, die i. d. R. auf persönlichen Gefolgschaften (Führer und Gefolge) beruhen. R. basiert auf Intoleranz und Vorurteilen (z. B. gegen Ausländer/Ausländerinnen und Minderheiten), fördert autoritäres Verhalten, verherrlicht Macht und Gewalt. Rechtsextreme Ideologien führen alle aktuellen politischen, ökonomischen und sozialen Probleme auf eine einzige Ursache zurück und setzen dagegen ein autoritäres, menschenverachtendes Weltbild, dessen Fundament i. d. R. ein aggressiver, expansionistischer Staat ist."

De ganzen Interview mam Fernand Kartheiser fannt Dir hei.

Interview mam Fernand Kartheiser
Den ADR-Deputéierten hëlt Stellung