
D’Zil war et virun allem, déi Jonk ze sensibiliséieren an zu engem Engagement ze motivéieren. D’Arktis ass dat Gebitt weltwäit, dat am stäerkste vun den Auswierkunge vum Klimawandel beaflosst gëtt.
D’Polarregioun gëtt duebel esou séier waarm ewéi déi reschtlechen Deel vun der Welt. Nach ni war den Niveau vum arktesche Mier-Äis, also der Uewerfläch vum Ozean, déi mat Äis bedeckt ass, esou déif ewéi dëst Joer. Fuerscher si besuergt, datt Gletscher a Grönland ëmmer méi séier schmëlzen. D’Konsequenze vum Klimawandel sinn ze gesinn: Temperaturen an de globale Mieresspigel klammen, deen all Joers ëm 2,2 Millimeter eropgeet.
Och d'Déieren an d'Planze spieren d'Konsequenze vum Klimawandel. Experte fäerten, datt e puer Zorten duerch d’Erwäermung ausstierwe kéinten. An der Arktis liewen aktuell eng 27.000 Äisbieren, dovunner der 15.000 a Kanada. Fir dës Déieren bleift Arktis awer weiderhin een optimalen Liewensraum, goung am Seminär ervir. D’Zuel vun den Äisbieren ass a bleift stabil.

D’Valérie Masson-Delmotte ass Klimafuerscherin a Member vum franséische Weltklimarot. Hirer Meenung no ka Lëtzebuerg an Zukunft d’Konsequenze vum Klimawandel limitéieren an Adaptatioune schafen. Besonnesch beim Verkéier a beim Heize sinn d'CO2-Emissiounen hei am Land héich, esou d’Fuerscherin.
Fir beim Klimawandel virunzekommen, missten d’Bëscher besser genotzt ginn, déi jo den CO2 aus der Atmosphär ophuelen. Bei den erneierbaren Energië misst ee sech d’Fro stellen, wéi een d’Capacitéiten intelligent notzen an ausbaue kann, esou nach d’Valérie Masson-Delmotte.