StatecDäitlech méi Doudeger am November 2020

RTL Lëtzebuerg
Statec huet en Donneschdeg Zuele publizéiert iwwert d'Doudesfäll zu Lëtzebuerg am November 2020.

Wéi an hirem Communiqué ze liesen ass,  si 530 Persoune mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg gestuerwen. Dëse Chiffer géing iwwert deem vun de Jore virdru leien.

Am Verglach zum November 2019 gouf et eng Hausse vun 31.2% bei den Doudesfäll. Virzejoert waren et an deem Zäitraum 404 Awunner, déi verscheet sinn. Mat Bléck op den November 2018 ass et esouguer eng Hausse vun 48%. Deemools goufen 358 Doudeger am Novembermount registréiert.

D'Iwwerstierflechkeet géing sech virun allem bei de Männer weisen, schreift Statec. Tëscht Ufank August an Enn November 2020 sinn zu Lëtzebuerg 1.621 Persoune gestuerwen, wat der däitlech méi si wéi an deem selwechten Zäitraum dat Joer virdrun. De Statec schwätzt vun Zesummenhäng mat der 2. Corona-Well.

PDF: Statec Communiqué

Back to Top
CIM LOGO