
Detailer leien eis keng vir, mä et gouf kee Blesséierten. D‘Escher Pompjeeë goufe vun hire Kolleegen vun Schëffleng, Suessem-Déifferdeng a vu Monnerech ënnerstëtzt.
Zu Leideleng war e Méindeg den Owend kuerz no 21 Auer en Automobilist vun der Strooss ofkomm a war an e Lutepotto gerannt. D’Secouriste vu Leideleng, Schëffleng a Beetebuerg waren op der Plaz, an de Chauffeur koum blesséiert an d’Klinik.