Rue Dicks zu EschDampvergëftung no Feier an engem Keller - siwe Persoune blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt an der Nuecht op en Donneschdeg e gréisseren Asaz zu Esch. An der Dicksstrooss hat et géint 0.34 Auer an engem Keller gebrannt.

Wéi de CGDIS op Facebook schreift, war d’Feier kuerz no Mëtternuecht am Keller vun engem Appartementshaus ausgebrach. Well den Damp sech esou séier am Gebai verbreet huet, wieren d’Awunner net aus hirer Wunneng komm an hätte sech iwwer e Balcon bemierkbar gemaach. Fënnef Persounen an eng Kaz hätte missen iwwer e Balcon gerett ginn.

Ënnert anerem de Samu vun Esch war op der Plaz, ma och véier Ambulanze vun Esch, Keel an Déifferdeng. Donieft waren d’Pompjeeë vun Esch, Keel, Schëffleng, Péiteng an aus der Stad an der Rue Dicks, fir d’Feier an de Grëff ze kréien.

Et war awer net dat éischt Feier deen Owend. Um Houwald an der Rue Sangenberg war géint 20.30 Auer eng Poubelle an engem Haus a Brand geroden. Hei gouf et allerdéngs keng Blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO