
A Presence vun der Presidentin vun der Kommissioun fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer Claudie Reyland krut de Max Lamesch representativ fir d’Associatioun, déi sech fir d’LGBTIQ+-Kommunitautéit engagéiert, de Präis an der Stad iwwerreecht.
D’Stad Lëtzebuerg ass zanter dem 18. Juni offiziell als “LGBTIQ+ Freedom Zone” deklaréiert a setzt sech verstäerkt fir d’Rechter vun dëse Persounen an.
De Prix Anne Beffort gëtt zanter 2003 op Initiativ vun der Chancëgläichheetskommissioun an der Stad iwwerreecht an ass mat 3.000 Euro dotéiert.