Réseau vun Afrodescandanten zu LëtzebuergD'Associatioun Finkapé léist sech op - "Energie ass net erëmkomm"

Fanny Kinsch
Finkapé, de Réseau vun Afrodescandanten zu Lëtzebuerg, hält op. Dat huet d'Associatioun elo op de soziale Reseaue bekannt gemaach.
© Finkapé

Och no enger laanger Paus wier d’Energie net erëm komm, fir weider ze maachen, heescht et hei. Alles ginn, sech selwer am Numm vun der Cause vergiessen, bréngt mat der Zäit seng Käschte mat sech, de Burn Out, schreift d’Organisatioun. Aktivismus kéint zu kierperlecher a mentaler Erschöpfung féieren.

Déi Responsabel vun der Associatioun wollten op Nofro hi keen Interview méi ginn. De President vum Centre d’égalité de traitement CET, de Patrick Hurst, bedauert, datt et d’Associatioun elo net méi gëtt.

“Déi huet effektiv 2019, no där Etüd „Being Black in the EU“, wou Lëtzebuerg jo u sech katastrophal ofgeschnidden huet, am Fong vill derzou bäigedroen, fir dee Sujet an der breeder Gesellschaft wierklech bekannt ze maachen. An et ass am Fong schued, wann sou en Acteur aus der Gesellschaft verschwënnt.”

Finkapé hält op / Reportage Fanny Kinsch

An der neier “Being Black in the EU"-Etüd hätt Lëtzebuerg zwar “vill manner katastrophal” ofgeschnidden, ma ëmmer nach 47 Prozent hunn uginn, dass si an de leschte 5 Joer rassistesch diskriminéiert goufen. Rassistesch Diskriminatioun war och dat Thema, wéinst deem sech 2022 am meeschte Leit beim CET gemellt hunn. Dass den Engagement als Aktivist an enger Associatioun ka ganz vill ginn, versteet de Patrick Hurst. Déi Erfarung hätt hie perséinlech och gemaach.

“Fir all aner Aktivitéit, souguer fir d’Kooperatioun am Ausland oder sou, gëtt et ee Congé, fir d’Activité culturelle, wann een als Kënschtler schafft gëtt et Congé, fir de Sport a fir vill aner Domainer. Ma grad an deem hei Beräich, wou et drëm geet, eebe Communautéiten a bestëmmten Thematiken ze vertrieden, déi awer duerchaus gesellschaftlech wichteg sinn an déi och eben zu enger besserer Kohesioun vun der Gesellschaft bäidroen, do gëtt et kee Congé.”

An hirem leschte Post sträicht Finkapé d’Projeten ervir, déi an hiren Ae positiv Spueren hannerloossen, wéi d’"Being Black in Luxembourg"-Konferenz 2019, déi vum CET, der Asti an der Mënscherechtskommissioun organiséiert gi war, oder nach d’Ausstellung “Le passé colonial du Luxembourg” am Nationalmusée um Fëschmaart 2022. Och wann Aarbecht géing bleiwen: Begréisst gëtt, datt fir Januar 2024 en nationale Plang fir d’Lutte géint de Rassismus annoncéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO