
An deene leschten zwou Woche sinn d’Spritpräisser wéinst dem Irankrich massiv an d’Luucht gaangen. Vun den Tankstellebedreiwer heescht et, datt dat bis elo awer nach net dozou gefouert huet, datt d’Leit manner tanken. Am Secteur geet een dovun aus, datt d’Situatioun sech elo mol stabiliséiere wäert. Ma nieft der rezenter Entwécklung bei Spritpräisser gëtt et och nach aner Chantiere fir d’Tankstellen.
Lëtzebuerg huet iwwert vill Joren ewech als eng Zort europäescht Tank-Mekka gegollt. Wéinst den niddregen Accise war de Sprit ee gudde Krack méi bëlleg wéi an den Nopeschlänner. Dat huet mat sech bruecht, datt net nëmmen d’Grenzpendler oder Leit, déi an der Groussregioun wunnen, am Grand-Duché getankt hunn, mee deels hunn och Camione gréisser Ëmweeër gemaach, fir hei den Tank ze fëllen. Deen Transitverkéier huet an deene leschte fënnef Joer awer massiv ofgeholl, wéi de President vun der Federatioun vun den Tankstellebedreiwer Romain Pütz erkläert.
“Wann ech nëmmen d’Zuelen huele vum leschte Joer, do hu mer ee Minus vun 20 Prozent am Beräich vum Diesel, dat heescht den Transit ass vill manner wéi nach virun e puer Joer. A wann ech lo véier bis fënnef Joer zeréckkucken, si mer esouguer ëm 50 Prozent erofgaangen, wat den Transitverkéier, wat d’Camionen ugeet. Firwat? Well dat ee fiskalesche Volet ass, deen an deenen anere Länner vill besser ginn ass, wéi hei zu Lëtzebuerg. Mir maachen eis do awer scho Suerge bei den Autobunnstankstellen.”
Wat de Verkaf vun Zigaretten an Alkohol ugeet, géing et iwwerdeems grouss Ënnerscheeder tëscht den Tankstellen op de Grenzen an deene méi am Zentrum vum Land ginn. Dem Romain Pütz ass et wichteg ze ënnersträichen, datt vill Leit am Secteur schaffen. Zu den 2.000 Salariéen, déi direkt bei den Tankstellen agestallt sinn, kéimen nach Grossisten an Traiteuren, déi d’Statioune beliwweren. Ma ass et dann iwwerhaapt evident, fir nach Leit ze fannen?
“Fir d’Leit ze fannen, ass u sech schwéier, well s de eng ganz grouss Flexibilitéit a Polyvalenz vun deene Leit brauchs, déi s de net ëmmer fënns.”
Och beim Profil vun de Salariéen hätt d’Plaz, op där d’Tankstell steet, een Impakt. Wärend op de Grenze virop Leit aus dem noen Ausland schaffen, sinn et méi zentral éischter Lëtzebuerger Residenten.
De Wiessel hin zur Elektromobilitéit gesäit een am Secteur iwwerdeems net als grondleeënd Gefor fir de Geschäftsmodell.
Interview mam Romain Pütz, President vun der Fédération des Exploitants de Stations-Service.