
Dat klengt Nancy ass och betraff a muss sech zesumme mat senger Famill dem Kampf géint d’Krankheet stellen. Fir dee richtegen Donateur ze fannen, gëtt eng riseg Datebank mat där een d‘Blutt vergläiche kann, gebraucht, fir esou méiglecherweis säi geneteschen Zwilling ze fannen. Sou eng Datebank hat sech de Plooschterprojet virun 10 Joer zum Zil gesat.
Hautdesdaags ass de Projet e vollen Erfolleg. Den Denis Pleimling zum Beispill, huet Stammzellen aus dem Beckekamm geholl kritt:
Do hu si mer ugeruff, dass ech potenzielle Spender wär. Do sinn ech nach eng Kéier Bluttanalyse maache gaangen, fir ze kucken, ob et effektiv sou wäit ass. Do krut ech gesot: Jo. An du misst ech confirméieren, okay, ech wëll gär Muecht ginn. An do hunn ech Jo gesot. Ech hätt net gegleeft, dass et géif geschéien am Fong. Warscheinlechkeet ass immens kleng. Mä och e gutt Gefill.
D‘Warscheinlechkeet eemol a sengem Liewe geruff ze ginn, läit bei 1 zu enger Millioun. Ma all Mënsch, dee weider an der Datebank enregistréiert ass, erhéicht d’Chancë vun engem Patient, säi geneteschen Zwilling ze fannen. De Micha Muller huet seng Stammzellen, wéi a 95% vun de Fäll, iwwert Blutt gespent:
“Op enger Säit e ganz komescht Gefill. Op der enger Säit hëlleft een halt enger Persoun. Op der anerer Säit weess een halt guer net, wiem een hëlleft. T’ass een ëmmer gewinnt, wann een iergendwéi eppes mécht, dass een enger Persoun hëlleft, déi ee kennt oder, wou ee wéinstens mol weess, wien et ass. An an deem Fall ass et halt eppes ganz aneres, mee et huet sech awer iergendwéi gutt ugefillt, dass de ouni iergendeppes oder eng Verbindung mat der Persoun ze hunn, trotzdeem där kéint hëllefen.”
De Yannick Lieners a seng Mamm déi de Plooschterprojet an d‘Liewe geruff hunn, konnte bis ewell schonn iwwer 13.000 Leit an d‘Datebank androen an dovunner goufen der elo schonn iwwer 20 geruff.
“Ech si wierklech frou, dass mer esou grouss gi sinn. Mee ech sinn awer och frou, wéi gesot, all eis Benevollen, ouni déi wier dat net machbar, awer och un all déi Leit dobaussen. Mir kréien ëmmer op Social Media positive Feedback an doduerch geet eise Projet ëmmer weider, gëtt méi bekannt. An da kréie mer erëm Ufroe vu Betriber, vu Museksfestivallen, vu Sportsveräiner. An esou schaffe mer eis da vun Event zu Event. An da wëlle mer och ëmmer an nei Kreesser kommen, wou mer nach net waren, fir dass mer, wa méiglech iergendwann eng Kéier d’ganzt Land als Stammzellespender enregistréiert hunn.”
An elo ass dat klengt Nancy op déi Datebank vum Plooschterprojet ugewisen. Wann Dir Iech nach net beim Plooschterprojet registréiert hutt an Dir wëllt dem Nancy seng Chancen am Kampf géint Leukemie verbesseren, kënnt Dir Iech e Méinden de Mëtten tëscht 4 an 8 zu Stroossen an der Schoul Antoine de Saint-Exupéry fir eng Stammzellespend registréiere loossen.