
D'Gemengegesetz ass gewëssermoossen e Pabeier, deen d'Missioune vun de Gemenge méi genau definéiert. Mam Slogan „Matenee fir eng modern Gemeng“ soll de Rôle vun de Gemengen un d'Ufuerderunge vun haut ugepasst ginn. Och méi Autonomie gëtt sech scho méi laang gewënscht.
33 Joer – esou al ass dat aktuellt Gemengegesetz, dat de Spillraum vun 102 Gemengen am Land festleet. Bei der Reform ass een aktuell an der 2. Etapp. De Prozess, deen am Summer 2019 lancéiert gouf, huet an enger éischter Phas den aktuellen Zoustand vun de Gemengen analyséiert – dat mat de lokale Politiker um Rudder, de Gemengebeamten, an den Awunner.
D'Gesetz versprécht virun allem méi Autonomie, eng Gemeng, déi méi no bei senge Bierger ass, manner Kontroll vum Staat a méi Hëllef an Ënnerstëtzung vum Inneministère.
Taina Bofferding: „Zil besteet ënner anerem doranner, de System vun der Iwwerwaachung vun de Gemengen ze moderniséieren a vereinfachen. Engersäits duerch eng Reduktioun vun der Zuel un Approbatiounen an anersäits duerch d'Aféierung vun enger „Transmissioun obligatoire", fir esou effikass an transparent Prozeduren ze erméiglechen."
Demandë fir en Update vum Congé Politique an de „Statut social" si grouss. Hei feelt et dacks un engem konkreete gesetzleche Kader. D'Beispill vum Beetebuerger Buergermeeschter, deen 2020 seng Plaz verluer huet, ënnersträicht dee Besoin, esou d'Taina Boffering e Mëttwoch an der Chamber.
„Dat sinn alles ofschreckend Beispiller, déi ee sécher net, ausser et ass een an der Fonction Public täteg, net motivéieren, fir an d'lokal Politik ze goen."
Och beim Thema Digitaliséierung soll eng Zort „guichet unique" fir d'Gemengen entstoen, deen d'Aarbecht am Alldag vereinfacht. D'Gemenge missten Zäit hunn, sech op hir Politik ze konzentréieren an ewechkomme vum Mikromanagement, deen dacks onnéideg vill Zäit klaut.
D'Oppositioun kritiséiert virun allem d'Vitesse, mat där d'Reform grad traitéiert gëtt. Den CSV-Deputéierten, Michel Wolter: „Wann een natierlech fir eng Phas 1, 22 Méint brauch a soss eigentlech näischt op Pabeier ka bréngen ewéi de Fait, datt Leit do mateneen diskutéiert hunn, dann ass et effektiv relativ schwiereg, fir innerhalb vun den nächsten 22 Méint en uerdentlechen Text duerch de legislative Prozess ze bréngen."
Vill vun de proposéierte Punkte wieren och vill ze vag, respektiv géife Saache verspriechen, ouni awer vun de Moyenen ze schwätzen, mat deenen ee se ëmsetzt.
Michel Wolter: „Eng Gemeng muss digitaliséiert ginn. Wann dir awer eng Gemeng sidd vun 2.000 Awunner an dir hutt an ärem Personal 8 Leit, da gëtt sécher keen agestallt, dee sech prioritär ëm d'Digitalisatioun vun der Gemeng këmmert. Gemeng Käerjeng huet der 1, d'Stater Gemeng warscheinlech 15 oder 20. Mir sinn dofir, mä wat sinn d'Moyenen, déi dofir zur Verfügung gestallt ginn?"
D'DP appreciéiert de Punkt vun der Reorganisatioun vum Personal an d'Vereinfache vun interne Prozeduren. Hei soll d'Rekrutéierung vun neiem Personal vereinfacht ginn. Hei missten och verschidden traditionell Posten an de Gemenge reevaluéiert kënne ginn. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty: „Et kommen ëmmer méi Aufgaben dobäi an d'Responsabilitéit gëtt ëmmer méi grouss. Dofir soll een elo zum Beispill driwwer nodenken, wéi een e moderne Gemengesekretär wëll definéieren. Hei muss een iwwert eng kloer Hierarchie an Aarbechtsopdeelung nodenken."
D'Gemengefinanze sollen iwwerdeems iwwert en anert Gesetz gereegelt ginn, preziséiert d'Ministesch nach e Mëttwoch de Mëtteg op der Plëss.