"Aarm si mécht krank – a krank si mécht aarm". Dat seet Médecins du Monde a warnt virun enger Entwécklung, déi och zu Lëtzebuerg ëmmer méi siichtbar gëtt: ëmmer méi Leit, déi schaffen, an awer net iwwer d'Ronne kommen. Ënnert hinne sinn och ëmmer méi Lëtzebuerger. Wat leeft schif, wa Leit trotz Aarbecht a sozialem System duerch d'Netz falen? A firwat bleift den Accès zur Gesondheetsversuergung fir verschidde Leit esou schwéier? Doriwwer schwätze mir en Donneschdeg de Moie mam Dr Bernard Thill vu Médecins du Monde. Den Éierepresident ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.