A Covid-ZäitenDat neit Konzept vum Educatiounsministère elo an der Praxis

Maxime Gillen
Et ass e Konzept, dat a Covid-Zäiten esou vill Normalitéit wéi méiglech an de Schoulalldag soll bréngen.
Dat neit Konzept vum Educatiounsministère an der Praxis
Et ass e Konzept, dat a Covid-Zäiten esou vill Normalitéit wéi méiglech an de Schoulalldag soll bréngen.

Iwwerdeems gi konkret Zeenarien am Fall vun Infektiounen ënnert de Schüler virgesinn. Nodeems d'Schoul dës Woch fir jiddereen erëm ugefaangen huet, kucke mir nach eng Kéier op déi eenzel Mesuren, wéi dës ëmgesat ginn an och op Kanner respektiv Elteren, déi beim neie Konzept vum Educatiounsministère vergiess goufen.

Neit Schoulkonzept / De Reportage vum Maxime Gillen

Bei Infektiounen an de Schoule ginn et dräi verschidden Zeenarien, wéi den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert:

Wann et een isoléierte Fall ass, gëtt et eng Isolatioun an der Schoul vun deem Grupp vun der Klass oder vun anere Schüler, mä keng Quarantän. An eréischt wann e puer Fäll beienee sinn, kënnt eng Quarantän. A wann dann Infektiounskette festgestallt goufen, da kommen nei sanitär Mesuren. A mir wäerten dat och zesummen esou kommunikéieren.

Ass eng Klass isoléiert, well et en eenzelen Infektiounsfall an där Klass gouf, dann dierfen déi Kanner alleguer net méi an d'Maison relais goen oder bei ausserschouleschen Aktivitéite matmaachen. Déi Zäit, wou si net an der Schoul sinn, mussen si doheem bleiwen, dat heescht a Quarantän. An deem Fall, kritt dann och een Elterendeel fir en hallwen Dag Congé pour raisons familiales, deen net vum normale Contingent ofgeet, fir nom Kand ze kucken, dat dee Moment jo net kann an aner Betreiungsstrukture goen.

Ma dee Congé pour raisons familiales gëllt just vun deem Moment un, wou d'Kand offiziell tracéiert gouf, dat heescht wa bis eng Ordonnance vun der Santésdirektioun virläit.

Op Nofro beim Ministère vun der Sécurité sociale krute mir erkläert, dass deen Tracing net méi laang wéi een Dag dierft daueren. Dat heescht een Dag nodeems de Klassekomerod vum Kand positiv getest gouf, kéint dann een Elterendeel no der Schoul mam Kand doheem bleiwen. Wat awer geschitt, wann de Contact Tracing méi laang wéi een Dag dauert, gouf net präziséiert.

Wien allerdéngs doheem bei sengem Kand muss bleiwen, well dëst vulnerabel ass an doheem vum Homeschooling profitéiert, kritt keen zousätzleche Congé pour raisons familiales méi. Dëse géif genee wéi virun der Kris funktionéieren, plus an deene Fäll, wou Elteren bei hire Kanner musse bleiwen, well wéinst Covid-19 eng Quarantän oder en Isolement decidéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO