D'Verfassung, de Filmfong, de Logement an d'Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a China. D'CSV huet en Donneschdeg de Moien an der Waassergaass de Point vun der politescher Aktualitéit gemaach. Virop stellt de Parteipresident Frank Engel kloer, datt net d'CSV dru Schold ass, datt d'Verfassung näischt gëtt.
Et wier de Moment net op gemeinsamen Nenner kommen an och déi 3 Regierungsparteie wieren ënnert sech plazeweis net eens, sou de Fränk Engel. Virun engem Joer gouf et a punkto Verfassung jo nach e Konsens, ma dat war virun engem Joer.
De Frank Engel: Virun engem Joer gouf et de Bréif vum Xavier Bettel net fir eng nei Debatt iwwer de Walsystem an d'Walgesetzgebung ze lancéieren. Virun engem Joer hat d'CSV an och anerer nach net op den Dësch geluecht wat een och nach kéint an d'Verfassung apaken.
Datt elo just un der aler Verfassung nogebessert gëtt wier zwar néideg, mä et wier awer net dat, wat d'CSV eigentlech gewollt hätt. Et hätt ee léiwer Propositioune gemaach an e consultative Referendum ofgehalen. Déi aner maachen awer net mat. D'CSV blockéiert also net, mä mécht elo dat mat, wat d'Majoritéitsparteie proposéieren. D'Situatioun wier op alle Fall iwwerhaapt keng Konsequenz vun iergendenger Haltung vun der CSV, sou nach de Frank Engel.
Vum Prinzip hir ënnerstëtzt d'CSV de Filmfong, ma dee misst och gutt an transparent funktionéieren, well et ëm Steiergeld géing goen dierft elo net méi weider nogekuckt ginn. Déi Konklusioun hätt een no Gespréicher mat enger Rei Produzente gezunn.
Den CSV-Generalsekretär Felix Eischen: Eng Restrukturéierung vum Fong ass absolut néideg. D'Produzente froen dat och. Mir hätten och gäre valabel Statistiken
D'CSV hätt gären e Moratoire, rappelléiert d'Fuerderung vun engem Audit vun der Cour des Comptes a verlaangt och eng kloer ligne éditoriale.
Beim Logement kéime mer net laanscht Erweiderunge vum Perimeter. Entretemps wier d'Fro déi, ob e Stot, deen normal verdéngt, sech nach e Logement zu Lëtzebuerg ka leeschten. D'Gesetz fir méi Kontroll bei der Attributioun vun Immobiliëkreditter gesäit d'CSV mat gemëschte Gefiller.
Bei Google da missten endlech Äntwerte geliwwert ginn.
De Frank Engel: Dat eenzegt wat Google bis elo fäerdeg bruecht huet, ass fir eng CSV-Majoritéit zu Biissen ze sprengen. Mir wësse bis haut net wien u wien eru getrueden ass a wat ausgemaach gouf.
De Parteipresident fënnt et nach apaart, datt eis Regierung der Volleksrepublik China sou positiv gesënnt wier.
De Frank Engel: Ech muss bësse laachen, datt wann de Minister Bausch an engem Interview a China seet, datt all Kéier wann hien do iwwer Mënscherechter schwätzt et e bësse besser géing goen. Hie misst dat emol den Uiguren ziele goen.
Och den Ausseminister Jean Asselborn, dee jo soss bekannt wier fir problematesch Mënscherechtssituatiounen ze kommentéieren, wier an dëser Saach apaart roueg, bedauert nach de Fränk Engel.
RTL-Artikel: Keng Reform, mä Revisioun: Op dësen 29 Punkte soll d'Verfassung geännert ginn