TeheranPropaganda-Installatioun weist Trump am Prisong

RTL mat AFP
Teheran gräift ëmmer nees op Anti-USA-Propaganda zeréck, fir hir Vue op de Krich duerzestellen.
An der neister Anti-USA-Propaganda-Installatioun huet Teheran den "US-President" ewechgespaart.
An der neister Anti-USA-Propaganda-Installatioun huet Teheran den "US-President" ewechgespaart.
© ATTA KENARE/AFP

Antiamerikanesch Propaganda ass u sech näischt Aussergewéinleches an de Stroosse vun der iranescher Haaptstad. Mat der neister Installatioun sinn d'Autoritéiten awer e ganze Schratt méi wäit gaangen. E Schauspiller spillt hei den US-President Donald Trump, deen an enger Prisongszell sëtzt.

D'Konscht-Installatioun kënnt bei de Bewunner vun Teheran gutt un. Vill vun hinne bleiwen extra stoen, fir mam inhaftéierten "amerikanesche President" e Selfie ze maachen. Datt den "Trump" hei och beleidegt gëtt, brauch ee wuel net extra z'erwänen. Teheran wërft dem US-President jo Krichsverbriechen am Konflikt am Noen Oste vir.

Ëmmer nees Anti-USA-Propaganda

Zanter dem Ufank vum Iran-Krich, dee mat amerikaneschen an israeeleschen Attacken am Februar ugefaangen huet, huet déi islamesch Republik ëmmer nees Propaganda-Operatioune lancéiert. Verschidde vun dëse Konschtwierker si souguer viral gaangen.

An hirer neister Campagne gouf am Norde vun Teheran op der Tajrish Plaz eng Prisongszell e puer Stäck iwwer dem Buedem opgeriicht. An der Zell sëtzt e Schauspiller, dee wéi den Donald Trump ugedoen ass, mat engem donkele Kostüm an enger rouder Krawatt. Donieft huet hien eng Mask un, datt hien och nach ausgesäit wéi den aktuellen US-President. Hie leeft dauernd duerch d'Zell a rëselt un de Gitter.

Op engem Bildschierm, deen zu der Installatioun gehéiert, gi Messagë gewisen, déi Krichsverbrieche vun den USA solle beweisen.

Verschidde Residenten ameséiere sech mat der Installatioun. Ee Mann ass laanschtgaangen an huet dem falschen Donald Trump zougeruff, datt hie sech keng Suerge misst maachen, d'Leit géife seng Kautioun bezuelen. Anerer loossen hirer Roserei fräie Laf. "Dës Kéier brénge mir dech ëm, Trump", esou en Teenager.

Teheran wëll Gerechtegkeet a Revanche

Déi lokal Autoritéite vun Teheran, déi hannert der Installatioun stinn, soen, datt hiert d'Zil ass, hire Bewunner ze soen, datt déi iranesch Haaptstad Gerechtegkeet freet. Iran stellt den Trump scho méi laang als Krichsverbriecher duer. Och gëtt Revanche gefuerdert, well de fréieren iranesche Leader Ayatollah Chomeini bei enger Loftattack vun Israel an den USA ëm d'Liewe komm ass.

Teheran wërft dem US-President vir, bewosst zivil Infrastrukturen ze viséieren, dorënner eng Schoul an eng Hochzäitszeremonie. Bei dësen Attacke waren Dosende Fraen a Kanner ëm d'Liewe komm.

Lokale Medien no soll déi aktuell Installatioun dauerhaft besat sinn. Et kann een also Dag an Nuecht a siwen Deeg an der Woch den "Donald Trump" am Prisong gesinn.

Back to Top
CIM LOGO